Internationale FuttballManchester City klappt Everton, Zidder-Victoire fir Real

An Italien huet Juventus Turin sech beim FC Turin mat 1:0 behaapt.

© AFP

Premier League
Manchester City - FC Everton 3:1

An der provisorescher Tabell vun der Premier League steet Manchester City op d'mannst bis e Sonndeg nees op der éischter Plaz. Fir de Kont vum 17. Spilldag huet d'Ekipp vum Pep Guardiola nämlech mat 3:1 géint Everton gewonnen. An der 22. Minutt hat de Jesus ManCity mat 1:0 a Féierung bruecht. Mam Virsprong am Réck hunn d'Haushären duerno de Match dominéiert an all d'Offensivbeméiunge vun de Käscht direkt ënnerbonnen. Kuerz virun der Paus hat Everton Gléck, datt een net mat 0:2 a Réckstand geroden ass. De Pickford huet mat enger staarker Parad e Gol vum Mahrez nach a leschter Sekonn verhënnert.

Kuerz nom Téi huet Manchester City dunn awer erëm zougeschloen. De Jesus huet eng Flank vum Sané an der 50. Minutt mam Kapp verwandelt an op 2:0 gesat. Duerno huet City et méi lues ugoe gelooss. D'Ekipp vum Guardiola war net méi ganz esou konzentréiert a krut doduerch och an der 65. Minutt den 1:2 vun Everton geschoss. De Calwert-Lewin hat d'Gäscht nees erubruecht. Manchester City wollt dëst awer net op sech sëtze loossen, huet den Tempo nees ugezunn a konnt d'Féierung duerch de Sterling an der 69. Minutt op 3:1 setzen. Um Enn ass et bei dësem Score bliwwen.

Tottenham Hotspurs - FC Burnley 1:0

D'Tottenham Hotspurs hu sech e Samschdeg den Owend géint Burnley schwéier gedoen. D'Gäscht, déi am Tabellekeller stinn, hunn an der éischter Hallschent dogéint gehalen an den 0:0 gehalen. Och an den zweete 45 Minutten huet et laang duerno ausgesinn, wéi wa Burnley e Punkt kéint mat Heem huelen, ma den Eriksen huet Tottenham an der Nospillzäit nach erléist an den 1:0 markéier, sou datt de Favorit awer nach gewonnen huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga
Real Valladolid - Atlético Madrid 2:3

Atlético Madrid ass als Favorit an d'Partie gaangen a loung dann och no den éischte 45 Minutte verdéngt mat 2:0 a Féierung. Fir d'Goler haten de Kalinic an der 26. Minutt an de Griezmann per Eelefmeter an der 45. Minutt gesuergt. No der Paus ass Real Valladolid dunn awer zeréck an d'Partie komm. De Calero huet an der 56. Minutt op 1:2 verkierzt. An der 63. Minutt huet de Saul du mat engem Selbstgol fir den 2:2 gesuergt, domadder war d'Partie nees lancéiert. Atlético madrid konnt an der 80. Minutt awer nach eng Kéier zouschloen an duerch de Griezmann mat 3:2 a Féierung goen. Madrid gewënnt um Enn de Match an huet elo genee wéi de Leader Barcelona 31 Punkten um Konto. Barcelona huet nach net gespillt.

© AFP


Real Madrid - Rayo Vallecano 1:0

No der batterer 0:3-Defaite géint ZSKA Moskau an der Champions League huet Real Madrid och am spuenesche Championnat e Samschdeg net iwwerzeegt. D'Resultat war trotzdeem een anert. De spuenesche Rekordchampion huet sech nämlech zu enger 1:0-Victoire geziddert. An der 13. Minutt hat de Benzema Madrid a Féierung geschoss. Eng Minutt drop hat den Embarba op der anerer Säit den 1:1 um Fouss, ma de Llorente konnt a leschter Sekonn nach klären. Direkt duerno gouf et jee eng déck Chance op béide Säiten. De Velazquez hat de Ball Zentimeter laanscht de Gol gesat, ier den Asensio mat sengem Schoss den zweete Gewënner géint de Kipper vu Rayo Vallecano war. Duerno huet et bis déi 36. Minutt gedauert, bis et nees richteg geféierlech gouf. De Benzema hat de Ball un der Strofraumgrenz behaapt an en op de Kroos weiderginn, deem säi Schoss ass um Potto hänke bliwwen. Mat der knapper 1:0-Féierung vu Real Madrid ass et an d'Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet Real Madrid gréisstendeels den Zuch a Richtung Gol gefeelt, sou datt si verpasst hunn, fréizäiteg den Deckel dropzemaachen. An der Nospillzäit goufe si dofir nach bal bestrooft. Rayo hat duerch den Alegria an de Velazquez nach zwou ganz déck Chancen, ma de Courtois hat opgepasst a konnt béid Kéieren e Gol verhënneren, sou datt et beim 1:0 fir Real Madrid bliwwen ass.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A
Inter Mailand - Udinese Calcio 1:0

Een Eelefmeter huet an der Partie tëscht Inter Mailand an Udinese Calcio fir d'Decisioun gesuergt. Den Arbitter hat an der 76. Minutt am Strofraum vun de Gäscht op de Punkt gewisen. Den Icardi huet sech dës Chance net huele gelooss, huet de Ball an de Filet gesat an domadder fir eng 1:0-Victoire fir Inter Mailand gesuergt.

FC Turin - Juventus Turin 0:1

Juventus Turin huet beim FC Turin dat néidegst gemaach, fir den Derby ze gewannen. Juventus Turin huet déi éischt 15 Minutte mat vill Gedold kombinéiert an hat eng éischt gutt Chance duerch de Ronaldo, de Keeper vun Torino huet mat enger ganz staarker Parad awer e Gol verhënnert. D'Lokalekipp ass an der éischter Hallschent bis op e puer Standard-Situatioune net geféierlech ginn. Vu Juve war et an der éischter Hallschent och e schwwache Match.

No der Paus ass de Match e bësse méi séier ginn. An der 54. Minutt hätt den FC Turin een Eelefmeter misse kréien, well de Zaza am Strofraum um Trikot gezu gi war. De Pëff vum Arbitter ass awer net komm. Enf Féierung vun der Lokalekipp wär zu dem Ament net onverdéngt gewiescht. Kuerz drop gouf et dunn een Eelefmeter op der anerer Säit. De Ronaldo huet sech dës Chance net huele gelooss an den 1:0 fir d'Juve markéiert. Fir d'Gäscht ass et déi 15. Victoire a 16 Matcher.

© AFP


LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1
Stade Reims - Racing Stroossbuerg 2:1

Direkt an der 6. Minutt ass Reims duerch den Doumbia mat 1:0 a Féierung gaangen. Stroossbuerg konnt an der 48. Minutt reagéieren an duerch den Thomasson op 1:1 setzen. D'Haushäre wollten dësen Ausgläich awer net op sech sëtzt loossen. An der 66. Minutt huet de Cafaro op 2:1 erhéicht, wat um Enn och d'Schlussresultat sollt sinn. An der Tabell huet Reims elo Stroossbuerg iwwerholl a steet op der 8. Plaz.

Wéinst de Protester a Frankräich goufen déi weider Partien an der Ligue 1 um Samschdeg ofgesot, den néidege Policedispositiv war net disponibel.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.