HandballKee Gewënner tëscht Esch an Diddeleng, Käerjeng neie Leader

Am Spëtzematch war den HBD besser an de Match komm, ma Esch ass no der Paus nees erukomm. Déi lescht Minutte waren e Krimi, wou et du kee Gewënner gouf.

© Gilles Tricca / RTL Radio Lëtzebuerg
Am Handball goufen um Samschdeg mam 12. Spilldag déi lescht Partië vum Championnat an dësem Joer gespillt. Duerch eng kloer 39:29-Victoire zu Péiteng steet Käerjeng bis dat neit Joer un der Spëtzt vun der Tabell. Si hunn ee Punkt Avance op den HB Esch, dee géint Diddeleng 25:25 gläich gespillt huet. Mat engem Réckstand vun 3 Punkte stinn d'Red Boys op der 3. Plaz, si hu sech kloer mat 47:25 zu Schëffleng behaapt.

Hären-Handball
Péiteng - Käerjeng 29:39

An der Partie tëscht Péiteng a Käerjeng waren d'Kaarte kloer verdeelt. D'Gäscht haten den Tabelleleschten Péiteng dann och déi 60 Minutten iwwer ënner Kontroll. No 20 Minutte loung ee mat 7 Goler a Féierung an et stoung 15:8. An d'Paus ass ee mat engem 20:15-Score gaangen. An den zweeten 30 Minutten hunn déi Käerjenger d'Féierung net aus der Hand ginn. Péiteng konnt wuel an der 37. Minutt op 20:23 erukommen, ma d'Gäscht hunn den Tempo dunn erëm e bëssen ugezunn an de Virsprong séier nees op 5 Goler erhéicht. Käerjeng huet  de Match konzentréiert weider gespillt, no 45 Minutte stoung et 30:23, ier d'Partie mat engem kloren 39:29 op en Enn gaangen ass.

HB Esch - Diddeleng 25:25

Kee Gewënner am Spëtzematch tëscht Esch an Diddeleng (16.12.2018)
Am Handball hu sech Esch an Diddeleng e Samschdeg den Owend mat 25.25 getrennt.


An der Spëtzepartie tëscht Esch an dem HB Diddeleng gouf et kee Gewënner. Um Enn stoung et 25:25.

Déi Diddelenger si mat enger kompakter Defense opgetrueden, hu vir gutt getraff an doduerch loung een no 7 Minutte mat 5:1 a Féierung. Den HBD konnt sech op säi Kipper verloossen an esou hat een no 20 Minutte de Virsprong op 5 Goler ausgebaut an et stoung 11:6. Bis d'Paus hunn d'Gäscht hiert d'Spill duerchgezunn, sech och vun dräi Zwou-Minutte-Strofe net aus der Rou brénge gelooss, sou datt ee beim Score vu 14:11 an d'Kabinn gaangen ass.

No der Paus ass Esch besser ginn an et konnt een de Réckstand séier op 2 Goler verkierzen, sou datt et no 35 Minutten 13:15 aus der Siicht vun der Lokalekipp stoung. Kuerz drop war een op 1 Gol erukomm, ma den HBD huet trotz Ënnerzuel een Ausgläich net zougelooss an huet sengersäits dunn nees markéiert, sou datt een no 42 Minutten mat 19:16 a Féierung loung. D'Partie ass dunn awer richteg spannend ginn. No 49 Minutte stoung et tëscht Esch an Diddeleng 20:20 gläich. 7 Minutte viru Schluss sinn dunn d'Haushäre mat 22:21 a Féierung gaangen, ma den Ausgläich vum HBD huet net laang op sech waarde gelooss. Déi lescht Minutten ass et dunn hin an hier gaangen an um Enn stoung et 25:25 gläich, sou datt et kee Gewënner gouf.

Chev Dikrech - HC Bierchem 27:30

Dikrech a Bierchem hu sech e Samschdeg den Owend näischt geschenkt an et war eng ganz ausgeglache Partie. No 15 Minutte stoung et dann och tëscht béide Formatiounen 8:8 gläich. An de Minutten duerno huet d'Féierung ëmmer nees gewiesselt, ier Bierchem sech bis d'Paus e Virsprong vun 2 Goler konnt erausspillen an et 16:14 stoung. D'Gäscht sinn no der Paus weider a Féierung bliwwen, och wann een no 42 Minutte beim Stand vun 21:20 nëmmen nach ee Gol Virsprong hat, huet een Dikrech a Schach gehalen an net erukomme gelooss. No 47 Minutte hat ee sech erëm e Polster vu 4 Goler erausgespillt an dat soll eng Virentscheedung sinn, well de Chev konnt net méi erukommen, sou datt Bierchem no de 60 Minutte mat 30:27 gewënnt.     

Schëffleng - Red Boys 25:47

Keng Problemer haten d'Red Boys zu Schëffleng. Vun Ufank u loung een a Féierung an no 10 Minutte stoung et ewell 10:3 fir déi Déifferdenger. D'Red Boys hunn duerno den Tempo weider ganz héich gehalen a Schëffleng hat näischt entgéint ze setzen. An der Paus stoung et 23:9 fir d'Gäscht. Och no der Paus haten déi Schëfflenger absolut keng Chance 10 Minutte viru Schluss war de Virsprong vun de Red Boys op 16 Goler ugewuess. D'Schlussresultat war um Enn 47:25 aus Siicht vun de Red Boys.       

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball

Dammen-Handball
Schëffleng - Red Boys 23:22

Bis déi lescht Sekonn war d'Partie tëscht Schëffleng an de Red Boys spannend. Zum Schluss hat Schëffleng dat bessert Enn fir sech a gewënnt mat 23:22. D'Red Boys waren e bësse méi staark an de Match gestart a loungen no 5 Minutte mat 5:3 a Féierung. Bis déi 20. Minutt konnt een de Virsprong ëm e weidere Gol ausbauen. Schëffleng huet dunn awer dogéint gehalen a konnt bis d'Paus op 10:10 ausgläichen. Déi zweet Hallschent ass et dunn ëmmer nees hin an hier gaangen. 8 Minutte viru Schluss stoung et tëscht béiden Ekippen 20:20 gläich, ier sech dunn déi Schëfflengerinne mat 2 Goler konnten ofsetzen. An der leschter Minutt sinn déi Déifferdengerinnen nach op 22:23 erukomm, bei deem Score sollt et dunn awer bleiwen.    

Museldall - HB Diddeleng 24:32

Diddelenger Dammen huele Revanche um Museldall (16.12.2018)
Am Championnat huet een e Samschdeg den Owend auswaërts mat 32:24 gewonnen.


Déi éischt 15 Minutte war d'Partie tëscht dem Museldall an dem HB Diddeleng nach enk an et stoung 9:10 aus Siicht vun der Lokalekipp. Duerno konnten d'Gäscht sech awer ofsetzen, sou datt een no 20 Minutte mat 15:10 a Féierung loung. Bis d'Paus huet den HBD den Tempo weider héich gehalen a konnt de Virsprong op 8 Goler ausbauen, sou datt et mat 21:13 an d'Paus gaangen ass.

An den zweeten 30 Minutten hunn déi Diddelengerinnen d'Damme vum Museldall net méi zeréck an de Match komme gelooss an hunn de Virsprong konstant gehalen. No 45 Minutte stoung et 26:17 fir den HBD. Zum Schluss gewënnt d'Ekipp ronderëm d'Kim Wirtz, déi mat 13 Goler bescht Spillerin am Match war, mat 32:24. No der Defaite an der Coupe ass dem HBD also d'Revanche gelongen.   

© Yannick Zuidberg / RTL.lu


Chev Dikrech - Standard 15:0 (Forfait)

Réiden - Käerjeng 10:40

Schonn en Donneschdeg war de Match tëschent Réiden a Käerjeng an hei gouf et wéi erwaart eng ganz kloer Victoire fir déi Käerjenger Dammen. No 60 Minutten huet een auswäerts mat 40:10 gewonnen, schonn an der Paus loungen d'Gäscht op mat 18 Goler a Féierung.

LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.