BiathlonVictoirë fir Fourcade a Mäkäräinen

Beim Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen an Éisträich konnten de Johannes Thignes Bö an d'Dorothea Wierer hir Virsprong an der Poursuite net verdeedegen.

© AFP
Bei den Hären huet de Martin Fourcade seng zweete Course an dëser Saison gewonnen. De Fransous war nom Sprint um Freideg als zweeten an d'Course gaangen. Iwwer déi 12,5 Kilometer ass de Fourcade e Samschdeg an der Poursuite ouni Feeler bliwwen an huet um Enn verdéngt gewonnen. Op déi zweete Plaz ass den däitschen Arnd Peiffer gelaf, deen als 5. an d'Course gaange war. Hien hat eng Scheif net getraff an hat e Réckstand vu ronn 13 Sekonnen. De Podium komplett gemaach huet den Norweger Vetle Sjastad Christiansen. Duerch ee feelerfräit Schéissen konnt den Norweger sech vun der 10 op déi 3. Plaz no vir schaffen.

Kee gudden Dag hat de Gewënner vum Sprint, de Johannes Thingnes Bö, erwëscht. Den Norweger huet am Ganze 6 Mol missten an d'Strofronn an ass doduerch net iwwert déi 9. Plaz erauskomm.

RTL-NEWS: Biathlon: Johannes Thignes Bö wënnt och de Sprint zu Hochfilzen

© AFP


Bei den Dammen huet d'Kaisa Mäkäräinen sech duerch eng staark Leeschtung op der Pist d'Victoire geséchert. D'Finnin huet gläich dräi Feeler geschoss, ma konnt op de leschte puer honnert Meter nach d'Polin Monika Hoinisz, déi nom 4. Schéissen als éischt zeréck op d'Streck gaange war, afänken a sech als éischt am Zil feiere loossen. Op d'Plazen zwee an dräi sinn d'Slovakin Paulina Fialkova an d'Italienerin Dorothea Wierer gelaf. Si hunn 2 respektiv 4 Strofronne misse lafen an haten um Enn e Réckstand vun 1,5 respektiv 2,8 Sekonnen.

D'Wierer hat en Donneschdeg de Sprint gewonnen.

RTL-NEWS: Biathlon: Dorothea Wierer wënnt Sprint zu Hochfilzen

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.