VIDEO: RiacJoe Dondelinger iwwerzeegt mat 2. Plaz an der Loftpistoul

Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg war déi 36. Editioun vum Riac hei am Land.

36. Editioun vum Riac zu Lëtzebuerg (16.12.2018)
De Lëtzebuerger Joe Dondelinger konnt mat der 2. Plaz an der Loftpistoul iwwerzeegen.
254 Athletinnen an Athleten aus 16 Länner hate sech Rendez-vous ginn, fir um Riac 2018 deel ze huelen. Iwwer déi 3 Deeg ewech stounge Kompetitiounen am Loftgewier an an der Loftpistoul um Programm.

Norwegen huet hei déi lescht dräi Deeg kloer dominéiert. A praktesch all Finall war een a béiden Disciplinne quasi ëmmer minimum mat engem Sportler oder enger Sportlerin vertrueden. An et stoung een och dacks um Podium.

12 Athleten an Athletinnen aus dem Grand-Duché ware beim Riac 2018 um Depart. Fir de Joe Dondelinger ass um Enn an der Loftpistoul déi 2. Plaz um 1. Dag erausgesprongen. Fir d'Slyvie Schmit war et déi 8. mat der Pistoul.