FOTOEN: ÄishockeyTornado ouni Chance géint de Leader Epinal

An der drëtter franséischer Divisioun huet den Tornado Lëtzebuerg e Samschdeg kloer mat 2:6 géint Epinal verluer.

Déi 350 Spectateure kruten e Samschdeg den Owend flotten Äishockey op der Kockelscheier gebueden. An der drëtter franséischer Divisioun haten d'Haushären, den Tornado Lëtzebuerg, den Tabelleleader, Epinal, op Besuch.

Um Enn war et eng koer Affär. Epinal konnt sech souverän mat 6:2 behaapten an huet d'Punkte mat heem geholl.