Regionale Cyclocross AlzengVincent Dias Dos Santos net ze schloen

E Sonndeg war zu Alzeng d'Generalprouf fir d'Championnat am Cyclocross den 13. Januar zu Brouch. Bei den Dammen huet sech d'Lisa Heckmann duerchgesat.

Bei der Elite vun den Hären konnt sech de Favorit Vincent Dias Dos Santos an enger Zäit vun 51 Minutten an 13 Sekonnen virum Loïc Hennaux duerchsetzen. Dësen hat e Réckstand vun 18 Sekonnen. Op déi 3. Plaz ass de Scott Thiltges gefuer.

Vincent Dias Dos Santos net ze schloen (06.01.2019)
E Sonndeg war zu Alzeng d'Generalprouf fir d'Championnat am Cyclocross den 13. Januar zu Brouch. Bei den Dammen huet sech d'Lisa Heckmann duerchgesat.


Beschten Espoir war de Felix Schreiber virum Misch Leyder a Felix Keiser déi allen 3 an engem Ofstand vun 2 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer sinn.

Klickt Iech duerch d'Fotoen op pressphoto.rtl.lu© pressphoto / Roland Miny

FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu

Bei den Dammen ass et d'Lisa Heckmann wat sech an enger Zäit vun 40 Minutten an 42 Sekonnen a mat engem Virsprong vun 25 Sekonnen virum Elise Maes kann duerchsetzen. Op déi 3. Plaz koum d'Sarah Berkane.

Bei den Debutanten huet de Favorit Mathieu Kockelmann gewonnen. Hien hat e Virsprong vu 34 Sekonnen op den Noé Ury an der 35 op den Arno Wallenborn. Bescht Meedche war d'Marie Schreiber.

Mat engem Virsprong vun 1 Minutt a 35 Sekonnen ka sech de Loïc Bettendorff bei de Junioren virum Mik Esser an dem Tom Paquet duerchsetzen.

Eischte bei de Masters gouf de Guillaume Schaeffler virum Jérôme Junker an dem Christian Weyland.

PDF: D'Resultater am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.