BiathlonLisa Vittozzi séchert sech Victoire am Sprint zu Oberhof

D'Italienerin Lisa Vittozzi huet sech en Donneschdeg no 7,5 Kilometer zu Oberhof am Sprint duerchgesat.

© AFP
Fir déi 23 Joer jonk Biathletin ass et hir éischt Victoire am Weltcup. D'Vittozzi huet sech en Donneschdeg an enger immen staarker form presentéiert, dat esouwuel op der Pist ewéi och um Schéissstand. Si ass feelerfräi bliwwen an hat um Enn 5,3 Sekonnen Avance op d'Anais Chevalier aus Frankräich. De Podium gouf komplettéiert vun der Schwedin Hanna Öberg.




D'Favoritinnen hu sech en Donneschdeg awer deelweis immens schwéier gedoen. D'Slowakin Anastasiya Kuzmina koum no zwee Schéissfeeler zwar nach op déi 7. Plaz, ma déi an dëser Saison bis elo beschte Biathletin, d'Dorothea Wierer koum mat och zwee Schéissfeeler an enger schwaacher Lafleeschtung nëmmen op d'Plaz 24. Nach schlëmmer hat et d'Kaisa Mäkäräinen erwëscht, d'Finnin huet 4 Feeler geschoss an huet sech um Enn misse mat der 44. Plaz zefridde ginn.

No 9 Coursse läit d'Dorothea Wierer am Gesamt-Weltcup nach ëmmer virop, dat mat 398 Punkten. D'Paulina Fialkova aus der Slowakei steet op der 2. Plaz mat 365 Punkten an d'Lisa Vittozzi steet op der 3. Plaz mat 336 Punkten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.