TennisDen Andy Murray huet ënner Tréine säi Récktrëtt ugekënnegt

Spéitstens beim Grand Slam vu Wimbledon soll Schluss sinn, mä ob hien et bis dohinner packt, weess en nach net. Hien huet mat vill Péng ze kämpfen.

Déi fréier Nummer Eent am Tennis, Andy Murray, huet en Enn vu senger Profi-Carrière annoncéiert. Den 31 Joer ale Schott huet op enger Pressekonferenz annoncéiert, dass hien déi permanent Péng a senger rietser Hëft net géif erdroen a spéitstens am Summer zu Wimbledon, awer och scho vläicht no den Australien Open, wou den Ament d'Qualifikatiounsronn am Gaangen ass, géif ophalen.

De Gilles Muller iwwer den Andy Murray



Et war eng ganz emotional Pressekonferenz op där den Andy Murray méi wéi eng Kéier gekämpft huet, fir d'Contenance ze behalen. Op déi éischt Fro hin sot hien dann och direkt, dass et him net gutt géif goen. Dono huet hie kuerz mussen de Raum verloossen, éier hie konnt weiderschwätzen. Ëmmer nees huet sech déi fréier Nummer 1 am Tennis mussen Tréinen aus de Ae reiwen.

Hie kéint jo wéi gesot no den Australien Open Tennisrackett un den Nol hänken. Hei waart eng schwéier Aufgab op de Schott. Direkt an der éischter Ronn kritt hien et mam Spuenier Roberto Bautista Agut ze dinn, dee grad den ATP-Turnoi zu Doha gewonnen huet. Aktuell steet den Andy Murray an der Tennisweltranglëscht op der 230. Plaz. Hien huet zanter 20 Méint Problemer mat der Hëft a war dowéinst virun engem Joer operéiert ginn. Ënner Ëmstänn muss hien nach eemol operéiert ginn.









Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.