SchisprangenDawid Kubacki feiert éischt Victoire a senger Karriär

Den Dawid Kubacki huet sech e Sonndeg zu Val di Fiemme seng éischt Victoire am Weltcup geséchert.

© AFP (Archiv)
De Pol louch schonns nom 1. Duerchgang a Féierung a seng Avance konnt hien och am zweeten Duerchgang halen. De Stefan Kraft kënnt op déi 2. Plaz. Mam Kamil Stoch steet nach een zweete Pol um Podium.

De Ryoyu Kobayashi aus Japan huet e Sonndeg seng 7. Victoire hannertenee verpasst. Nodeems hien nom 1. Duerchgang op der 2. Plaz louch, ass hien am 2. Duerchgang hannert den Erwaardungen zeréckbliwwen a koum um Enn nëmmen op déi 7. Plaz.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.