Australian OpenRafael Nadal bei den Häre fir d'Finall qualifizéiert

De Spuenier Rafael Nadal huet sengem griichesche Géigner Stefanos Tsitsipas keng Chance gelooss a gewënnt kloer an 3 Sätz an der Halleffinall.

Bei den Damme stinn d'Petra Kvitova an d'Naomi Osaka an der Finall vun den Australian Open. Déi tschechesch Tennisspillerin gewënnt an der Halleffinall an zwee Sätz mat 7-6 a 6-0 géint d'Amerikaner Danielle Collins.

Kvitova an Osaka fir d'Australien-Open-Finall qualifizéiert (24.01.2019)
Onkommentéiert Bildmaterial.


An där aner Halleffinall hunn d'Karolina Pliskova, d'Nummer 8 op der Welt, an d'Naomi Osaka, d'Nummer 4, géintenee gespillt. Den 1. Saz gewënnt d'Japanerin mat 6-2, iwwerdeems se den 2. mat 4-6 verléiert. Am 3. Saz behält d'Osaka d'Iwwerhand a gewënnt um Enn an 3 Sätz mat 6-2, 4-6 a 6-4.



Bei den Häre kann de Rafael Nadal sech kloer an 3 Sätz géint de jonke Griich Stefanos Tsitsipas duerchsetzen, dëst mat 6-2, 6-4 a 6-0. Domat trëfft den Nadal an der Final op de Gewënner aus dem Match Djokovic - Pouille.

Rafael Nadal fir d'Australien-Open-Finall qualifizéiert (24.01.2019)
Onkommentéiert Biller.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.