DäitschlandSinn eis Noperen elo awer fir en haarde Brexit?

En Tweet vum däitschen Ausseministère, dem "Auswärtigen Amt", kéint een esou interpretéieren ...

... ma natierlech geet et dobäi just ëm Futtball an zwar méi genee ëm d'Champions League, wou et jo an den Aachtelsfinallen direkt 3 Matcher gëtt, an deene sech eng englesch an eng däitsch Ekipp géigeniwwer stinn.

CHAMPIONS LEAGUE: Den Iwwerbléck.

- Tottenham-Dortmund
Haut den Owend um 21 Auer live um 2. Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu.

- Liverpool-Bayern München
Den nächsten Dënschdeg, 19. Februar.

- Schalke-Manchester City
Den nächste Mëttwoch, 20. Februar.

Natierlech ass den Tweet net ganz eescht gemengt, well de Wonsch no engem haarde Brexit bezitt sech JUST d'Aachtelsfinalle vun der Champions League. Fir de Rescht gëllt:

Liebe Briten! Wir ❤️ euch wirklich und sind verdammt traurig, dass Ihr die EU verlassen wollt.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.