TestmatchFLF-Formatioun verléiert 0:1 géint Saarbrécken

E Mëttwoch den Owend huet d'FLF-Formatioun sech an engem Testmatch géint Saarbrécken misse mat 0:1 geschloe ginn.

© Franky Hippert

Den eenzege Gol vun der Partie huet de Jacob scho no 13 Minutte geschoss.

Alleguerten d’Feldspiller vun de Roude Léiwe koumen zum Asaz. Deemno haten och eng Partie jonk Spiller hiren éischten Optrëtt am Dress vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp.

© Franky Hippert

Den 22. Mäerz start fir d’Ekipp vum Luc Holtz d’EM-Qualifikatioun, da géint Litauen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.