FootballLëtzebuerg an de Cap Vert trenne sech 0-0

Et war en animéierten a flotte Match, dee béid Equippen de Spectateuren um Mëttwoch den Owend am Stade Josy Barthel gebueden hunn.

© Val Wagner

Virun allem déi zwee Goalkeepere stoungen déi eng oder aner Kéier am Fokus a konnten hir Equipe mat flotte Paraden am Spill halen. Lëtzebuerg spillt mat engem staarke Géigner 0-0 gläich an huet an engems gewisen, dass d'Equipe flexibel genuch ass, fir déi verschidden taktesch Consignë vum Trainer Luc Holtz ëmzesetzen.

Liveticker Alles uweisen


An den internationalen Testmatcher wënnt Frankräich 2-0 géint Holland, Spuenien wënnt 1-0 géint Italien, Portugal setzt sech 5-1 géint de Kamerun duerch, England wënnt 1-0 géint Dänemark, mat 5-0 dominéiert Brasilien Südafrika, woubäi den Neymar 3 mol markéiert huet. Däitschland setzt sech iwwerdeem mat engem moeren 1-0 géint de Chile duerch.

De Reportage vum Fränky Hippert (06/03/2014 - 7h30)



Virum Match géint de Cap Vert


En neie Spillsystem, en neie Goalkeep an eng nei Koppel an der Zentralverteidegung. Wat de Spillsystem ugeet, hat den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz jo e Freideg bei Radio Lëtzebuerg am Radio Sport Club ugekënnegt, datt hien eventuell eppes Neits géif ausprobéieren, wa genuch Zäit wär, fir et anzestudéieren. Et gesäit nom komplett ongewinnten 3-1-4-2 aus. Et hätt een dat elo puer mol getest. Et misst een awer nach déi taktesch Ausriichtung vum Géigner gewuer ginn. De Cap Vert kann op alle Fall ganz séier no vir spillen.

1 Première, 2 Retouren

Zanter Dezember huet den Anthony Moris jo d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Den 23 Joer ale Goalkeep gouf beim Standard Léck forméiert a spillt elo zu Saint Trond an der zweeter Divisioun an der Belsch. E Sonndeg koum hien och eng éischte Kéier bei d’Rout Léiwen. Hie wier ganz léif empfaange ginn, esou den Anthony Moris. Den 23 Joer ale Profi weess awer och, datt de Jonathon Joubert bei de Roude Leiwen nach d’Nummer 1 ass.

Dann ass et jo och de Retour vun den zwee Verteideger Maxime Chanot an Tom Schnell, no laange Blessuren. Et gesäit dann och ganz duerno aus, wéi wann déi zwee robust Spiller eng éischte Kéier zesummen an der Verteidegung bei der FLF-Formatioun um Terrain stinn.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.