Cyclissem LIVETour des Flandres vu 14.00 Auer un

Den Tour des Flandres live dëse Sonndeg um 1.RTL. Mir iwwerdroen de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg op RTL.lu an op der App.

De Jempy Drucker geet um Sonndeg als eenzege Lëtzebuerger un den Depart vum Tour des Flandres, dem zweete Fréijoersklassiker am Cyclissem. Iwwer 264 Kilometer geet et haut vu Bruges op Oudenaarde. Fir de BMC-Profi Jempy Drucker ass et schonn déi 4. Participatioun. A mam Greg van Avermaet huet BMC ee vun den Top Favoritten a senge Reien.

Mat derbäi bei den Dammen ass och d'Christine Majerus, där hir Equippe Boels-Dolmans ganz kloer Ambitiounen op eng Victoire huet. D'lescht Joer konnt sech d'Ellen van Dijk behaapten. Och dëst Joer zielt d'Equipière vum Christine Majerus nees zu den Top Favoritinnen.


Hei fannt Dir de Livestream vu 14.00 Auer un.

REPLAY - De leschte Cyclissem-Video nach eemol kucken

Vuelta: Trentin wënnt lescht Etapp, Froome Schlussgewënner (10.09.2017)
E Sonndeg den Owend ass d'Vuelta op en Enn gaangen. De Matteo Trentin konnt seng 4. Etappevictoire feieren. De Froome huet Geschicht geschriwwen.



Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Sender:
1. RTL
Ufank vun der Emissioun : 14h00
Viraussiichtlech Ënn vun der Emissioun: 17h15