SchwammenNeie Lëtzebuerger Rekord iwwer 1'500m fir d'Monique Olivier

Op der Weltmeeschterschaft am Schwammen, zu Kazan a Russland, verbessert d'Monique Olivier den eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.500 Meter ëm iwwer 2sec.

Den neie Rekord steet elo bei 16 Minutte 43 Sekonnen an 21 Honnertstel.

D'Amerikanerin Katie Ledecky (18 Joer) ass iwwert déi selwecht Distanz en neie Weltrekord geschwommen, dëst an enger Zäit vu 15min27,71.


Iwwer 200 Meter Crawl koum de Pit Brandenburger op déi 58. Plaz ënner 79 Schwëmmer.