Sportler vum Joer 2015Gilles Muller, Christine Majerus an Dëschtennis-Dammen

En Donneschdeg den Owend war am Casino 2000 zu Munneref d'Lëtzebuerger Sportlergala 2015.

Moderéiert gouf d'Lëtzebuerger Sportlergala vum Shari Schenten an Nico Keiffer. Traditionell gëtt do ëmmer de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi beschten Equipe aus dem Land ausgezeechent. Et goufen awer och nach eng Rei aner Präisser verdeelt.

Sportgala / De Reportage vum Fränky Hippert



Dorënner de Prix Sport Handicap fir den Handbiker Joël Wagener, de Prix Speciale fir de Josy Simon, de Jeune Espoir fir d'Basketballspillerin Lisa Jablonowski a bei de Jongen den Kayaksportler Yves Wehmer.

© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu)

FOTOGALERIE: Impressioune vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu

Gewielt gi si vun der Lëtzebuerger Sportspress. Gekuckt gouf d'Leeschtung vun de Sportler am Joer 2015, mat dësem Resultat:

Sportler vum Joer:

1. Gilles Muller (Tennis)
2. Bob Jungels (Cyclissem)
3. Jempy Drucker (Cyclissem)

De Gilles Muller kann also säin Titel verdeedegen a sech eng zweete Kéier iwwert de Sportler vum Joer freeën.

Sportlerin vum Joer:

1. Christine Majerus (Cyclissem)
2. Jenny Warling (Karate)
3. Charline Mathias (Liichtathletik)

Domat konnt d'Christine Majerus sech no 2013 ewell fir d'zweet iwwert den Titel freeën.

Bescht Equipe:

1. Dammen-Nationalequipe Dëschtennis
2. Handball National Equipe
3. Football Nationalequipe

Och d'FLTT-Damme konnten also hiren Titel verdeedegen.

Prix du jeune Espoir:

Yves Wehmer (Kajak)
Lisa Jablonowski (Basket)

Prix Sport-Handicap:

Joël Wagner (Handbike)

Prix d’honneur:

Josy Simon

Fir de musikalesche Kader hunn de John Rech an Dreamcatcher gesuergt an de Marc Schmit hat zwee Optrëtter als Maître Vogel an als Ausseminister Asselborn.



Gala de la Presse Sportive 2015 (04.12.2015)
En Donneschdeg den Owend goufen zu Munneref déi beschte Sportler vum Joer 2015 geéiert.


Wie war alles an der Course? A wéi gouf gewielt?

14 Männer, 9 Fraen an 8 Equippen hat d'"Commission des trophées" zeréckbehalen.

JPG: De Score.


Trophée du meilleur sportif (14)

Bertemes Bob, athlétisme
Bockel Dirk, triathlon
Carnol Laurent, natation
Drucker Jempy, cyclisme
Gastauer Ben, cyclisme
Habscheid Tom, handisport
Haller Bob, triathlon
Hauser David, automobilisme
Jans Laurent, football
Jungels Bob, cyclisme
Muller Gilles, tennis
Mutsch Mario, football
Schleck Frank, cyclisme
Stacchiotti Raphaël, natation

Trophée de la meilleure sportive (9)

Henschen Véronique, équitation
Mach Analena, volleyball
Majerus Christine, cyclisme
Mathias Charline, athlétisme
Meynen Julie, natation
Minella Mandy, tennis
Ni Xia Lian, tennis de table
Thielen Jennifer, automobilisme
Warling Jenny, karaté

© Val Wagner


Challenge de la meilleure équipe (8)

Basketball: Equipe nationale dames
Equitation: Equipe nationale sauts
Football: Equipe nationale hommes
Handball: Equipe nationale hommes
Kicker: Equipe nationale hommes
Pétanque: Equipe nationale hommes
Tennis de table: Equipe nationale dames
Volleyball Equipe: nationale hommes



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.