Cyclocross4. Championstitel fir de Christian Helmig

Lëtzebuerger Championnat am Cyclocross - Bei der Elite geet den Titel un de Christian Helmig, dat virum Gusty Bausch an dem Massimo Morabito.

Am Cyclocross goufen e Sonndeg de Mëtteg um Holleschbierg déi nei lëtzebuerger Championen an den verschiddenen Altersklassen gesicht. Vill Leit hu sech et trotz dem schlechte Wieder net huele gelooss, déi verschidde Course ze suivéieren, an dem Christian Helmig fir säi Championstitele bei der Elite ze gratuléieren.

Fir d'véierte Kéier hannertenee ka sech de Christian Helmig de rout-wäiss-bloe Maillot vum lëtzebuerger Champion sécheren. Fir de Lëtzebuerger war et e Sonndeg bei vill Reen, kal Temperaturen an vill Bulli keen einfachen Titel.

Et hat ee sech e spannend Championnat erwaart an dat war et och bis an déi lescht Tier. An der Halschent vun der Course konnte sech de Christian Helmig an Gusty Bausch vun den anere Favoritte, dem Vincent Dias Dos Santos an dem Massimo Morabito ofsetzen. Zwee Tier viru Schluss war et dunn de Christian Helmig deen attaquéiert huet a bis op d'Arrivée eng Avance vun 35 Sekonnen op de Gusty Bausch konnt eraus fueren. De Vizechampion vu Brouch huet um Enn mussen unerkennen, dass de Christian Helmig einfach besser war.

Op déi drëtt Platz kennt de Massimo Morabito. De Vincent Dias Dos Santos kënnt net iwwert déi 4. Plaz eraus. Den Téitenger vun deem ee virun der Course méi erwaart hat, war natierlech enttäuscht.

D'lescht Woch hat de Christian Helmig sech an der regionaler Course op der selwechter Plaz konnte behaapten.

Bei den Espoire geet den Titel kloer un den Luc Turchi. D'Freed iwwer säin éischten Titel war grouss. Op Plazen zwee an dräi kommen den Tom Rees an den Ken Muller allebéid vun Alzeng.

4. Championstitel fir de Christian Helmig (10.01.2016)
Et hat een sech e spannend Championnat erwaart an dat war et och bis an déi lescht Tier. Bei den Espoire geet den Titel kloer un den Luc Turchi.


Bilan Cyclocross Championat / Reportage Jeff Kettenmeyer



Um Enn konnt de Christian Helmig säi 4. Titel hannertenee feieren, wousst awer, datt et och hätt kennen anescht ausgoen. Hien, wéi och de Gusty Bausch, haten hire Plang, fir déi Course ze fueren. Säi stäerkste Konkurrent war an der Descente, wéi och an den techneschen Deeler besser. An der Montée konnt hien awer ëmmer nees bäifueren.

De Gusty Bausch waart elo zanter 2012 op säi nächsten Championstitel. D'nächst Joer soll dann e weideren Ulaf geholl ginn. Well de Christian Helmig déi beschte Reserven zum Schluss hat, huet hien dem Gusty Bausch senger Meenung no verdéngt gewonnen. De Gusty Bausch wëll awer nach esou laang fueren, bis hien nach eng Kéier Champion gëtt.

Zum Favorittekrees huet och de Vincent Dias Dos Santos gezielt. Um Enn sollt de Championnat awer nees net déi beschten Affaire fir de Bieleser ginn. Virum allem Wiederkonditiounen hunn dem Dias dos Santos Problemer gemaach. Hien huet duerch d'Keelt vill vu senger Kraaft verluer an hat um drëtten Tour souguer Problemer, fir iwwer d'Hürden ze kommen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.