Handball-StreamLëtzebuerg-Italien am Livestream

Vun 19.30 Auer u weise mir de Match op RTL.lu.



Den Owend um 19.30 Auer spillt d'Lëtzebuerger Handball Nationalequipe an der EM-Qualifikatioun géint Italien.
Fir d'FLH Formatioun ass et virun eegenem Public eng grouss Chance, fir sech eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch an Italien ze verschafen.

No den zwou Victoirë géint Georgien muss ee sech op takteschem Plang géint d'Italiener e bëssen eppes anescht erwaarden, sou de Kapitän Christian Bock. D'Italiener sinn technesch besser wéi d'Georgier. Déi dogéint hate kierperlech kräfteg Spiller, déi och aus der Distanz konnte schéissen. Si huet ee wäit misste siche goen, fir datt s se technesch Feeler maachen an een esou de Ball gewanne konnt. D'Italiener dogéint spillen och wéi déi Rout Léiwen gär e séiere Ball eng séier Mëtt a probéieren direkt vun hannen eraus Drock ze maachen. Dem Christian Bock no, deen hofft, datt vill Leit si an d'Coque ënnerstëtze kommen, gëtt et e ganz enke Match.

Extrait Christian Bock

De Match ass um 19.30 Auer am Gymnase vun der Coque.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.