JPEE / Lie Games: Lëtzebuerg am Medailespigel op der 2. Plaz

JPEE / Lie Games: Hannert Zypern kënnt Lëtzebuerg am Medailespigel op déi zweete Plaz.

Am ganzen goufen 71 Medailen gesammelt. 30 Gold, 15 Sëlwer a 27 Bronze.

Den COSL President Marc Theisen zitt e positive Bilan.

 AUDIO: De Marc Theisen »

 

Datt et am Total um Enn nëmme Plaz zwee gouf, hannert den Zyprioten huet den Directeur Technique Heinz Thews e bësse gewuermt.

 AUDIO: Den Heinz Thews »



GOLD:

5: Raphaël Stacchiotti (Schwammen: 200 m Réck, 200 m a 400 m Lagen, 200 m a 400 m Fräistil)

2: Bob Jungels (Cyclissem: Strooss an Eenzelzäitfueren)
Ni Xia Lian (Dëschtennis: Eenzel an Doubel mam Vinita Schlink)

1: Denis Barboni (Judo: -81 kg)
Carole Calmes (Schéissen: Loftgewier)
Laurent Carnol (Schwammen: 200 m Broscht)
Traian Ciociu (Dëschtennis: Eenzel)
Manon Durbach (Judo: -57 kg)
Pascal Groben (Liichtathletik: 3000 m Obstakel)
Denis Leider (Judo: -90 kg)
Christine Majerus (Cyclissem: Strooss)
Pol Mellina (Liichtathletik: 5000 m)
Lynn Mossong (Judo: -70 kg)
Marie Müller (Judo: -52 kg)
Kim Reuland (Liichtathletik: 400 m Hecken)
Jean-François Schneiders (Schwammem: 100 m Réck)
Edna Semedo (Liichtathletik: Stafhéichspronk)
George Simon (Judo: -100 kg)
Tun Wagner (Liichtathletik: Speerwerfen)
Dammen am Judo
Hären am Judo
Hären am Cyclissem
Dammen am Dëschtennis
4 x 200 m Fräistil bei den Hären am Schwammen

SELWER:

1: Yoann Bebon (Liichtathletik: 100 m)
Laurent Carnol (Schwammen: 100 m Broscht)
Sandra Denis (Squash: Eenzel)
Frédérique Hansen (Liichtathletik: 400 m)
Dammen an der Liichtathletik (4 x 400 m)
Sanjay Raval (Squash: Eenzel)
Sarah de Nutte (Dëschtennis: Eenzel)
Claudine Schaul/Mike Vermeer (Tennis: Doubel-Mixte)
Jean-François Schneiders (Schwammen: 200 m Réck)
Stéphanie Vieillevoye (Liichtathletik: Stafhéichspronk)
Hären am Mountainbike
Hären am Squash
Hären am Dëschtennis
4 x 100 m Lagen bei den Hären am Schwammen
4 x 100 m Fräistil (Crawl) bei den Dammen am Schwammen

BRONZE:

2: Martine Mellina (Liichtathletik: 800 m an 1500 m)
Aurélie Waltzing (Schwammen: 100 m an 200 m Broscht)
Pascale Schmoetten (Liichtathletik: 5000 m an 10000 m)
Gilles Michely (Dëschtennis: Eenzel an Doubel mam Mike Bast)

1: Charlie Arendt (Judo: -63 kg)
Gusty Bausch (Mountainbike)
Bob Bertemes (Liichtathletik: Bommstoussen)
Micah Dahlem (Judo: +100 kg)
Nathalie Lamborelle (Cyclissem: Strooss)
Pol Mellina (Liichtathletik: 1500 m)
Julie Meynen (Schwammen: 200 m Réck)
Vincent Nothum (Liichtathletik: 10000 m)
Pit Schlechter (Cyclissem: Strooss)
Tom Thill (Cyclissem: Eenzelzäitfueren)
Tiffany Tshilumba (Liichtathletik: 100 m)
Dammen am Squash
Hären am Volleyball
Dammen am Volleyball
Dammen am Beachvolleyball
4 x 400 m Relais bei den Dammen an der Liichtathletik)
4 x 100 m Lagen bei den Dammen am Schwammen
4 x 100 m Fräistil bei den Hären am Schwammen
4 x 100 m Crawl bei den Hären am Schwammen

Déi nächsten Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner ass an zwee Joer hei zu Lëtzebuerg.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.