VIDEO: Lasel an AcelTraditionellen Tournoi de Noël um Geesseknäppchen

D'Lasel an d'Acel (Associatioun vun de Studentecerclen) organiséieren dat zanter Joere schonn zesummen.

Traditionnellen Tournoi de Noël (27.12.2017)
Mat Basket a Volleyball huet den Tournoi um Mëttwoch ugefaangen. Football gëtt en Donneschdeg gespillt.

Ganz sportlech waren e Mëttwoch de Moien d'Lëtzebuerger Studente beim Tournoi de Noël um Geesseknäppchen. Et gouf vill gelaf, ugefeiert an d'Bäll sinn hin an hier gaang. Wéi all Joer an der Chrëschtvakanz, komme vill Studenten erëm zeréck op Lëtzebuerg. Dës Geleeënheet notzt d'ACEL an organiséiert mat der LASEL den Tournoi de Noël.

Tournoi de Noël / Reportage Catherine Anen

Während zwee Deeg trieden déi verschidde Studentencercelen an de Sportaarte Volleyball, Basketball a Football géinteneen un. Gespillt gëtt an de verschiddenen Hale vum Campus Geesseknäppchen. E Mëttwoch de Moien um 8 Auer sinn déi éischt Matcher am Volleyball a Basket ugepaff ginn. 20 Equippen am Volleyball an 18 Equippen am Basket hu géintenee gespillt. En Donneschdeg ass da Football ugesot mat 21 Equippen. Den Tournoi de Noël ass all Joer op en Neits en Treffpunkt fir vill Studenten, esou de Marc Hoffmann, Generalsekretär vun der LASEL.

Den Tournoi de Noël gëtt zanter de 50er Joeren organiséiert an ass mëttlerweil eng Traditioun bei de Studenten. D'Motivatioun an d'Freed, fir eemoleg Klassekomeroden erëm ze gesinn an zesumme mat- oder géinteneen ze spillen ass ëmmer grouss, sou de Fränk Hippert, Student zu Saarbrécken.

Och wann de sozialen Aspekt bei dësem Sportsevenement am Virdergrond steet, zielt awer och dat sportlecht Talent. D'Studenten hu Spaass, ma probéieren awer och, fir esouvill wéi méiglech Matcher ze gewannen. An de verschiddene Sportaarte gi Coupë verdeelt an och déi beschten Universitéit an den 3 Sportaarten gëtt nach eng Kéier extra belount, sou de Marc Hoffmann.

PDF: Resultater Tournoi de Noël Dag 1

En Donneschdeg waren 21 Equippe beim Football-Tournoi mat dobäi. Um Enn konnt sech d'Equipe vu Saarbrécken duerchsetzen. Op d'Plazen 2 an 3 kommen d'Lëtzebuerger Studente vun Innsbruck a Bréissel.

PDF: Resultater Tournoi de Noël Dag 2



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.