Football: Suite vun den Aller-Matcher an der Uefa-Coupe

An der Champions League sinn déi éischt Matcher an der Gruppephase gespillt, haut sinn dann nach Aller-Matcher vun der 1. Ronn an der UEFA-Coupe.

Den Ufank war schonn een Dënschden. Ënnert anerem spillt Stuttgart haut a Bulgarien géint More Warna. Wolfsburg huet Rapid Bukarest op Besuch Hamburg spillt géint Urziceni aus Rumänien an Dortmund géint Udinese. Saint-Etienne spillt an Israel géint Hapoel Tel Aviv, Nanzëch géint d’Schotte vu Motherwell. Paris Saint Germain reest an d’Tierkei bei Kayserispor. Young Boys Bern spillt géint den FC Brugge, Rennes géint Enschede an de Standard Léck beim FC Everton.