Fechten: Op der EM gëtt d'Lis Fautsch 67. vun 72

Op den Europameeschterschaften am Fechten kënnt d'Lis Fautsch zu Plovdiv a Bulgarien op déi 67. Plaz ënner 72 Fechterinnen.

© Roland Miny (Archivbild)
Et ass dëst en éischter enttäuschend Resultat, well d'Lis Fautsch net un den Niveau vun de Qualifikatiounstournoien uknäppe konnt.

Si verléiert déi 2 éischt Partie ganz knapp mat all kéiers 4:5 an ass dono nervös an onkonzentréiert ginn, esou datt dono och déi dräi aner Partie verluer goungen.