Handball:Galamatch fir de Rekordnationalspiller Mike Majerus

E Sonndeg huet den Handball-Goalkeep Mike Majerus, zu Crauthem, a senger Hal deemno, definitiv e Schlussstréch ënnert d'exemplaresch Carrière gezunn.

© Marc Joseph
An engem Galamatch krut de Lëtzebuerger Rekordnationalspiller vu fréiere Matspiller aus der Selektioun an vu sengem Veräin dem HC Bierchem, Merci gesot.

Ronn 300 Spectateure wollten dobäi sinn, wéi ee vun deene gréissten Lëtzebuerger Handballspiller eng leschte Kéier als aktiven um Terrain stoung. De Mike Majerus huet am Bierchemer Handball quasi Kultstatus an ass ganz sécher e Virbild fir d'Jugend, de Manager aus dem Réiserbann, Luc Sinner.

Eleng de Faite, dass dee Match organiséiert gouf, an dat eng éischte Kéier iwwerhaapt, géif jo beweisen wat fir eng Roll de Mike géif spillen.

6 mol gouf de Mike Majerus mam HC Bierchem Champion, an 7 mol huet hien d'Coupe mat deene Réiserbänner gewonn. Un senger Säit war seng ganz Carrière laang säin Zwillingsbrudder Tom. Dee spillt awer emol nach bësse virun. All déi Leit déi gefrot goufe fir beim Galamatch dobäi ze sinn, hunn all zougesot. Dat beweist de Stellewäert vum Mike am Lëtzebuerger Handball.

Den André Gulbicki, dem Mike Majerus säi fréieren Trainer, dee selwer Profi war, weess datt de Goalkeep d'Potential hat fir an d'Ausland spillen ze goen. Hien hätt sech awer anescht entscheed, an dat misst ee respektéieren.

Fir de Mike Majerus selwer war et kloer, et gëtt just ee Veräin, an do huet hien 20 Joer an der éischter Equipe gespillt. En huet sech an deem Ëmfeld einfach wuel gefillt.

Marc Fancelli, Joao Guedes, Pascal Schuster a.s.w. hunn e Sonndeg nach eng Kéier d'Handballschong ugedoen, extra fir den 183-fache Rekordnationalspiller, deen sech ka virstellen iergend eng Kéier eng Trainerfonktioun an sengem Veräin ze iwwerhuelen.

© Roland Miny


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.