Boxen: Lëtzebuergerin Caroline André verléiert éischte Kampf

D'Caroline André ass déi éischt Lëtzebuerger Profiboxerin iwwerhaapt, konnt sech awer bei hirem éischte Kampf net duerchsetzen.

Et war eng Premiere an der Lëtzebuerger Boxgeschicht, si war awer net ganz gelongen. D'Caroline André huet e Sonndeg beim internationale Boxgala zu Rëmeleng awer géint déi Däitsch Veronika Alkan no Punkte verluer.
Band
 
Fir déi 32 Joer al Lëtzebuerger Boxerin gëtt et dofir een Haaptgrond: Si huet op hir Nues opgepasst, déi d'Boxerin eréischt viru Kuerzem gebrach krut, sou d'Caroline André. Direkt am Ufank krut si eng op déi kriddeleg Plaz an huet dowéinst och blockéiert an d'Konzentratioun war fort.

Datt d'Nervositéit am Ufank beim éischte Profiboxmatch do war, konnt d'Caroline André natierlech och net ofstreiden. Ma och den Trainer a Manager Arnold Gastauer weess, datt eng éischte Kéier ëmmer e bëssen schwiereg ass. Hien och mat engem aneren Ausgaang gerechent an ass e bëssen enttäuscht iwwer d'Jugement.

Déi Defaite demotivéiert d'Caroline André awer lo net, ganz am Géigendeel ass so elo nach méi motivéiert. An och den Arnold Gastauer ass iwwerzeegt, datt seng Boxerin weider um Profiniveau wëll aktiv bleiwen, an de Kapp net an de Sandsak wäert stiechen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.