Autotest vum 23. Februar 2017Citroën C3

Den neie Citroën C3 adresséiert sech un eng jonk Clientèle. De Pascal Becker ka sech fir de witzege Look begeeschteren, awer net fir d'SocialMedia-Cam.

Dat hei ass en automobilt Kand mat zwee Pätteren. Do wier zum Beispill déi onsiichtbar Struktur ënnert dem Blech, déi den neien C3 secha groussen Zich mam Peugeot 208 deelt. An da kënnt dat, wat ee gesäit: nenne mir et Cactus-Gesiicht – Charakterzisch, déi den C3 sech beim Funky-Brudder ausgeléint huet, wéi d’Front an déi praktesch “Airbumps”, déi d’Säite viru klengen Téitsche schützen. Alles an allem eppes wat sech erfreelech vun der Mass ofsetzt.

Et war och Zäit, eppes ze maache fir méi jonk Keefer unzezéien. Anscheinend gouf de Virgänger haaptsächlech vun zwou Kategorie kaaft: Jonk Meedecher, déi grad de Führerschäin gemaach hunn, a Pensionären. A besonnesch déi lescht kinnte mat dësem Accessoire wuel wéineg ufänken.

Eng “connected cam”, eng Kamera just ënnert dem Spigel, fest verkabelt, déi Biller a Photoe vun der Strooss ophuele kann. De Benotzer kann dann d’Videoen via eng App op sengem Smartphone u seng Frënn verschécken. Déi sech garantéiert doriwwer freeën... Déi zweet, méi wichteg Funktion vun dëser Kamera féiert momentan an eng juristesch Grozon. D’Kamera hellt näämlech permanent op. Am Fall vun engem Accident ginn automatesch déi 30 Sekonne virum Opprall an d’Minutt duerno gespäichert. Wat hëllefe kann, ze beweisen, dass Dir net duerch Rout gefuer sidd. Op der anerer Säit, kinnt awer en Expert, zum Beispill un Hand vun de Biller ausrechnen, dass Dir mat 143 op enger Landstrooss ënnerwee waart, wéi d’Réi vu riets koum. An dann huet d’Kamera Iech definitiv net gehollef. Et ass eng Optioun, tëscht 270 a 400 Euro, je no Versioun. Dir décidéiert.

En Touchscreen kritt Dir op jiddwer Fall d’office. Zënter engem Uroptrëtt am Cactus ass de System méi rapid ginn a mécht säin Job eigentlech ganz gutt. Aus dem Cactus kommen och d’Schnalle fir d’Dieren zouzezéien an déi breet Sëtzer déi Confort viru Säitenhalt stellen – firwat och net? Insgesamt ass d’Qualitéit vun de Matière wuel besser wéi am Cactus, mä Citroën ass ëmmer nach en Haartplastik-Junkie, ënnen erëm ass d’C3-Kabinn bëlleg a krazempfindlech.

D’Plaz hannen ass OK, de Volume vun der Mall eigentlech och. Mä d’Luedkant ass héich, d’Variabilitéit basic, mat engem onprakteschen Ofsaz. An d’Fënsteren hanne ginn nëmmen hallef erof. Richtege Fortschrëtt ass méi schwiereg wéi faarwege Plastik an eng Kamera. D’Luuchte sinn iwweregens och “pas terrible”.

Trotzdem: den neien C3 huet eng sympathesch Natur. Dat läit un zwou Saachen. Déi éischt ass eng kloer Prioritéit a Richtung Confort. An dat ass gutt esou. D’Fiederung huet als Haaptmissioun d’Passagéier virun Asphalt-Akne ze schützen. A si kann dat ouni op Stroosselag ze verzichten. Net sportlech, mä e gudden Alldagskompromëss.

Dat zwee positiivt Argument ass de klengen 3-Zylinder-Turbo-Bensinner. E schnurrt zefridden, liwwert monter 110 Päerd a léisst sech effektiv mat enger 5 virum Komma adäquat bewegen. Do brauch ee keen Diesel.

Wat awer hei stéiert, ass déi ze laang Iwwersetzung vun der 5-Gang-Boîte. Wa Citroën dësem Auto sechs Gäng spendéiert hätt, wier alles OK. Dann hätt een e laange sechste Gang fir de Sprit op der Autobunn ze spueren, an ënnen erëm véier méi kuerzer fir dass de Motor säi Bescht ka ginn. Sou sëtzt een e bëssen tëscht zwee Still. An d’Reprise leiden.

D’Präislëscht geet u bei 12’700 Euro, woufir een dann allerdéngs nëmmen 68 Päerd kritt, ouni Turbo. Déi sympathesch 110PS-Versioun kascht der ronn 18’000. An ass gutt genuch équipéiert fir dass een elo net onbedéngt muss d’Optiounslëscht beméien.

Ob et sech lount, déi extra Suen an d’ConnectedCam z’inestéieren ass eng gutt Fro. Fir ronn dee selwechte Präis kritt een eng GoPro. Dir verpasst vläicht Ären Accident,  mä mat där kann een an der Vakanz tauche goen, ouni op C3 e ganzen Auto ze versénken.