Porsche Mobil 1 Supercup30 Porsche 911 GT3 mat der Cargolux Richtung Mexiko

Fir d'Finale vum Porsche Mobil 1 Supercup, koum eng Boeing 747-400 vun der Cargolux an den Asaz, fir d'Gefierer bis a Mexiko ze kréien.

Nieft den 30 Porsche 911 GT3 Cup goufen och nach 65 Tonnen Equipement vu Stuttgart, via New York bis a Mexiko geflunn.
D'Buedempersonal zu Stuttgart hat ronn 1,5 Stonn gebraucht, fir alles an d'Boeing ze verfrachten. D'Gefierer sinn alleguerte gutt a Mexiko ukomm, wéi Porsche op Facebook matdeelt.



De Lëtzebuerger Dylan Pereira, dee jo normalerweis och am Porsche Supercup matfiert, muss d'Course a Mexiko ausloosse wéinst der Instruction de Base vun der Arméi.

Den Dylan Pereira mat sengem Porsche 911 GT3 zu Spa Francorchamps am August 2017.© Arthur Thill