RallyeSébastien Ogier/Julien Ingrassia sinn nees Weltmeeschter

Um Sonndeg konnt de Fransous Sébastien Ogier säi 5. Weltmeeschtertitel hannertenee gewannen, des Kéier awer net op VW, mä op engem Ford Fiesta vun M-Sport.

© afp

Och wa säi Co-Equipier Elfyn Evans d'Wales Rally GB gewanne konnt, war et awer de Fransous Ogier, dee gefeiert gouf. Hien ass den zweeterfollegräichste Rallye-Fuerer, dat hannert sengem Landsmann Sébastien Loeb, deen 9 mol Weltmeeschter konnt ginn.

Den Elfyn Evans an den Daniel Barritt (Ford Fiesta WRC) haten awer och all Grond ze feieren. Et war hir 1. Victoire an der Rallye-Weltmeeschterschaft. Derbäi kënnt, dass si, anescht wéi hir Konkurrenten, net op Michelin-Pneue gefuer sinn, mä op DMACK-Pneuen. Et war och fir de Pneuenhirstellen déi 1. Victoire an der héchster Rallye-Klass. Den Thierry Neuville kënnt op Plaz 2 beim Wales Rally GB, virum Sébastien Ogier.

M-Sport fir hiren Deel konnt dann och nach den Titel an der Constructeurs-WM feieren, an dat als privat Team, géint Wierksteams wéi Hyundai, Toyota a Citroën.

Fir M-Sport a säi Patron Malcolm Wilson war et also e perfekte Weekend. Et bleift elo nach de Rallye an Australien ze fueren, wou et da just nach ëm de Vize-Weltmeeschtertitel geet. Den M-Sport-Pilot Ott Tänak fiert do säi leschte Rallye fir de Wilson. Hie wiesselt an der nächster Saison bei Toyota.



Ob den neie aktuelle Weltmeeschter Sébastien Ogier och 2018 bei M-Sport fiert, steet nach an de Stären. Hie steet a Vertragsgespréicher mat Citroën, M-Sport a Rumeuren no och mat Hyundai. Bei M-Sport wollt hie just bleiwen, wa Ford als Mark sech nees aktiv an der Rallye-WM engagéiert. Bis elo koum vu Ford awer nach keng Zouso. Och den Numm vum Sébastien Loeb gëtt bei Citroën ëmmer nees genannt. Hie géif awer wuel just 1 bis 3 Rallyë fueren, mä keng ganz WM. Et bleift also spannend, wee wou déi nächst Saison fiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.