ACL bestätegtEt ass offiziell: De Yann Munhowen ass Rallye-Champion 2017

De Yann Munhowen a säi Copilot Steve Lanners si Rallye-Champion 2017. Um Mëttwoch de Moien huet den ACL den aktualiséierte Punktestand verëffentlecht.

© Henri Schwirtz

D'Berechnungen déi d'RTL.lu-Redaktioun nom Rallye du Condroz gemaach hat, hu sech als richteg erausgestallt.

Artikel vum 5. November 2017 : Inoffiziell: Yann Munhowen wuel neie Rallye-Champion 2017

Duerch seng 17. Plaz beim leschte Rallye vun der Saison, kann de Yann Munhowen sech géint de Steve Fernandes duerchsetzen, an dat mat just 3,6 Punkte Virsprong. Méi spannend konnt et bal net sinn.

© Henri Schwirtz

Als 3. am Championnat klasséiert sech de Georges Goedert, deen d'Saison iwwer mam Patricia Wanderscheid um Subaru Impreza gefuer ass. D'Patricia Wanderscheid ka sech an der Copilote-Waërtung iwwer Plaz 2 hannert dem Steve Lanners freeën.

© Ketty a Rom Hankes / RTL


Ausser deene 5 Persoune koum keen anere Pilot oder Copilot an d'Wäertung fir d'Championnat, well se net genuch Resultater Opweises hunn.

© www.aclsport.lu


FOTOGALERIE: Impressioune vum Rallye du Condroz 2017