Moto GPDe Marc Marquez ass fir d'véierte Kéier Weltmeeschter

An der leschter Course vun der Saison zu Valencia ass dem Spuenier eng drëtte Plaz duergaange fir sech den Titel ze sécheren.

© afp
Nodeems mam Andrea Dovizioso den eenzege Pilot deen nach rechneresch konnt Weltmeeschter ginn, fënnef Ronne viru Schluss gefall war an net méi weider konnt fueren, war sécher dass dem Marc Marquez den Titel net méi ze huelen war. 
Dëst ass schonn de véierten Titel fir de 24 Joer jonke Marc Marquez. Domadder konnt hien séitdeem hien an der Moto GP fiert véier Titelen a fënnef Saison'en feieren. 
Course zu Valencia gouf iwwerdeems gewonne vum Daniel Pedrosa.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.