AutomobilsportMarc Joseph neie Mann un der Spëtzt vum ACL Sport

E Freideg hat d'Commission Sportive vum ACL matgedeelt, dass vum 1. Januar 2018 un de Marc Joseph de Presidenteposte vum Lucien Franck iwwerhëlt.

De Lucien Franck krut nei Responsabilitéiten als Vizepresident vum ACL a wëll sech dofir elo aus dem Automobilsport zeréckzéien.

Dat ass awer net déi eenzeg Ännerung. Et kënnt zu enger kompletter Reorganisatioun vun der Commission Sportive, ugefaange mat dem Numm, deen op ACL Sport geännert gëtt. 

Den ACL Sport gëtt dann a verschidde Strukturen ënnerandeelt, fir d'Entwécklung vum Automobilsport no vir ze dreiwen. Nei ass do virun allem de Conseil d'Experts, deen aus verschiddenste Memberen zesummegesat gëtt. Do solle Leit aus den Organisatiounsécurië vertruede sinn, Representante vun der Pilotevereenegung ALLSA a vun der Journalistevereenegung LMWA, grad wéi Leit aus den anere Commissioune vum ACL Sport. An deem Conseil sollen d'Grondiddie vun de Championnater, souwéi d'Kalenneren diskutéiert ginn, Propose gemaach ginn a Problemer ugeschwat ginn, déi op de verschiddene Coursen optauchen. Déi aktiv Leit aus dem Automobilsport sollen doduerch vill méi Méiglechkeete kréien, d'Entwécklung vun hirem Sport mat ze gestalten... sou op alle Fall d'Iddi. 

Hannendru gëtt et dann en Directoire, ugefouert vum neie President Marc Joseph, mam Andy Mathekowitsch als Directeur Sportif an dem Direkter vum ACL Jean-Claude Juchem. Weider sinn do dann awer och nach déi Memberen derbäi, déi bis ewell an der Commission Sportive Member waren. Si kréien allerdéngs alleguerten nei Funktiounen. Op Nofro hi krute mer bestätegt, dass och aner intresséiert Automobilsportfrënn hir Kandidatur kënne stellen, fir Member am Directoire ze ginn. Avis aux amateurs!

De Marc Joseph gëtt President vun ACL Sport© Henri Schwirtz

Den ACL Sport huet sech dann och grouss op de Fändel geschriwwen, nees méi fir d'Promotioun vum Automobilsport ze maachen. Ugefaange gëtt domat an der klengster Kategorie, nämlech am Karting. Do soll eng nei Formule geschafe ginn, de sougannten Karting Slalom. Hei kënnt dann och eng nei Generatioun vu Kartingen an den Asaz, nämlech eleketrescher. E Prototyp dovu steet och schonn op der International Motor Show um Kierchbierg ausgestallt. 
Den ACL Sport wëll dann och puer där Kartinge kafen, fir dee Projet unzedreiwen. Hei soll och den ekologeschen Aspekt vum Automobilsport ugeschnidde ginn. 

Dernieft sollen awer och Piloten, déi nach net direkt eng Lizenz maache wëllen, d'Chance kréien emol an de Kartingsport eranzeschnupperen, dat iwwert de Wee vun engem Challenge Karting. Dee soll zu Monnerech op der Kartingpist gefuer ginn, wann alles sou klappt wéi ee sech dat op Säite vum ACL Sport virstellt. Iwwert dee Wee sollen nees méi Leit d'Loscht um Automobilsport kréien a spéider dann och eng Lizenz maachen, mat der Ënnerstëtzung vum ACL Sport. 

Dass Automobilsport mat extreme Käschte verbonnen ass, ass och dem ACL Sport net entgaangen. Och do wëll ee sech engagéieren, andeems een nei Partner gewanne wëll, déi engem hëllefe sollen, den Automobilsport ze promouvéieren. 

Championnater

Am Kader vun der Pressekonferenz gouf dann och e provisoresche Kalenner fir déi verschidde Championnater virgestallt. Dee Kalenner kann nach änneren, jee nodeem wéi de Feedback vun de Piloten ass. Do dernieft sinn och d'Datumer vun de Coursen nach net all bekannt, oder kënnen nach änneren. 

Bei de Biergcoursen bleift ervirzesträichen, dass dem Wonsch vun de Pilote Rechnung gedroe gouf, andeems d'Biergcourse St. Ursanne an der Schwäiz aus dem Championnat geholl gouf. Si gouf ersat duerch en aneren EM-Laf, dee vum Glasbachrennen an Däitschland. Den Optakt mécht d'Biergcourse vun Abreschviller, éier déi traditionell Eschduerfer Biergcourse am Mee gefuer gëtt. D'Saison ass den 9. September mat der Course zu Turckheim eriwwer.

Beim Rallye-Championnat ginn et och gréisser Ännerungen. Den Optakt mécht hei de Spa Rally an der Belsch Ufank Mäerz. Nei mat am Kalenner ass och de Rallye Salamandre an de Rallye Vosgien. Dotëscht gëtt nach de Viviers gefuer, éier et op de Rallye Lëtzebuerg geet, de Rallye de la Famenne an als Ofschloss den East Belgian Rallye. 

An der Coupe Rallye gouf et an der Saison 2017 kee fixe Kalenner. D'Equipagen konnte sech hir Rallyen eraussichen an dann hir Resultater eraschécken. Dat war duerch eng Reglementsännerung bei den zougeloossenen Autoen néideg ginn. 2018 gëtt et awer nees e komplette Kalenner, deen integral bei R35 oder R70-Rallyen an Däitschland gefuer gëtt. 

© Henri Schwirtz

Um Circuit gëtt et just 1 Course déi obligatoresch ass, an déi gëtt am September zu Colmer-Bierg gefuer. Fir d'Championnat komplett ze maachen, kënnen d'Piloten da 5 weider Resultater vun anere Coursen an Europa erareechen. 

Am Slalom sti 5 Rendez-Vousen am Kalenner: 2 mol de Slalom vum HSRCL, 1 Slalom zu Chambley a Frankräich an 2 zu Bitburg. 

Am historesche Rallyesport probéiert den ACL Sport d'Boucles de Clervaux um Liewen ze halen. Eigentlech wollt de Veranstalter 2 Joer Paus maache fir sech nei z'organiséieren. Déi Paus kéint awer elo eventuell vill méi kuerz ginn. Da géif am Abrëll nees d'Boucles de Clervaux gefuer ginn. Fir et méi intressant ze maachen a méi Piloten unzezéien, wëll een och nach d'Legend Boucles à Bastogne mat afléisse loossen, fir eng Trophée op d'Been ze stellen. 

Provisoresche Kalenner fir d'Saison 2018

Et steet also vill Aarbecht u fir den ACL Sport a seng nei Gremien. Den neien Directeur Sportif huet dann och wësse gedoen, dass een an Zukunft nach méi accessibel fir d'Pilote wëll sinn. Et wëll ee méi séier op d'Ufroe reagéieren a méi mat de Piloten a Veranstalter kommunizéieren. An deem Sënn gëtt dann och en neien Internetsite opgebaut, wou d'Informatiounen nach besser accessibel solle sinn. 

PDF: Pressecommuniqué

www.aclsport.lu

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.