AutomobilsportL. Franck wëll sech op seng nei Funktioune konzentréieren

De Lucien Franck huet annoncéiert, dass hie vum Presidenteposte vun der Commission sportive vum Automobilclub Enn dës Joers zerécktrëtt.

Lucien Franck (ACL) - vum Rich Simon



Decisioun, fir vum Presidenteposten zeréckzetrieden, huet de Lucien Franck virun allem aus zäitleche Grënn geholl. "Meng nei Tâche als Vice-President vum ACL hëlt mir vill Zäit an ech wëll se seriö maachen. Dofir hunn ech decidéiert, mam Sport opzehalen", erkläert de Lucien Franck.

Zanter 2011 war de Lucien Franck President vun der Sport Kommissioun vum Automobilclub. An deene Joren huet sech fir hien d'Relatioun tëscht dem Automobilsport an de Sport-Fonctionnaire däitlech verbessert.

"Mir hunn e ganz gudden Drot zum Sportminister an och zum COSL. De Sportminister huet eis gehollef, de Circuit vun der Goodyear erëm an d'Rei ze bréngen fir d'Sécherheet. Mir hu reegelméisseg Entrevuen a mir wäerte weiderfueren, mat hinnen ze fonctionnéieren. Mir hate keng Critèren, fir eis Sportler an de COSL-Kader ze kréien, dat hu mir och gemaach", sou de Lucien Franck-

Et ass schonns eng speziell Situatioun, dass den Automobilsport bei eis am Land keng eegestänneg Federatioun huet. Dofir gëtt et dem Lucien Franck no awer eng Erklärung:

"De Pouvoir sportif ass un den ACL delegéiert ginn. Den ACL dréit d'Responsabilitéit an dofir kann e keng Federatioun, sou wéi aner Veräiner, mä mir si vum Sportminister als Federatioun agreéiert, och wa mir den Numm net hunn", seet de Lucien Franck

Den 1. Januar iwwerhëlt de Marc Joseph d'Successioun vum Lucien Franck.

RTL-NEWS: Automobilsport: Marc Joseph neie Mann un der Spëtzt vum ACL Sport

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.