Formel 1Bottas séchert sech d'Pole beim Grousse Präis vun Abu Dhabi

An der Formel 1 steet de Weekend mam Grousse Präis vun Abu Dhabi de leschte Rendez-vous vun der Saison um Programm.

© AFP
Am Qualifying konnt sech e Samschdeg de Valtteri Bottas d'Pole Position sécheren. Nieft him geet de Lewis Hamilton och op Mercedes an d'Course. Aus der zweeter Rei starten de Sebastian Vettel op Ferrari an den Daniel Ricciardo op Red Bull.

E Sonndeg gëtt de Grousse Präis vun Abu Dhabi um 14 Auer gestart. De Lewis Hamilton steet jo schonn als Weltmeeschter fest. Hannert dem Mercedes-Pilot geet et nach ëm d'Plazen 2 an 3. De Moment steet de Sebastian Vettel mat enger Avance vun 22 Punkten op de Valtteri Bottas op der 2. Plaz.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.