Formel 1Bottas gewënnt de Grousse Präis vun Abu Dhabi

Um Sonndeg stoung déi lescht Course vun der Saison an Abu Dhabi um Programm. Als Weltmeeschter stoung de Lewis Hamilton scho virun der Coourse fest.

© afp
Bei der leschter Course vun der Saison ass de Start ouni Problemer ofgelaf. Op den éischten 8 Positiounen hat sech näischt geännert an et ass och kee vun de Piloten ausgefall. An de Ronnen dono huet sech och näischt geännert an de Positiounen, an de Bottas konnt ëmmer eng kleng Avance op den Hamilton halen. De Vettel konnt net ganz mam Tempo mathalen an huet op déi zwee am Mercedes konstant Zäit verluer. Déi spannend Fro war jo op de Vettel säi Virsprong vun 22 Punkten op de Bottas am Generalklassement kéint halen. Dëst huet mat senger drëtter Platz dann awer ganz gutt fir de Vettel ausgesinn.

An der 21. Ronn huet den Daniel Ricciardo wéinst engem hydrauleschen Defekt missten d'Course opginn a sou konnt de Räikkönen op déi véiert Platz no vir fueren.

Am weidere Verlaf huet den Hamilton ëmmer nees ganz schéin Drock op de Bottas gemaach an huet en net dovun zéie gelooss. Och am leschte Grand Prix also wollt den Hamilton sengem Teamkolleg d'Victoire net einfach iwwerloossen. Mee de Bottas konnt seng Féierung awer verteidegen a gewënnt sou de leschte Grousse Präis vun der Saison an Abu Dhabi virum Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel.

Bei der Ecurie Renault, wou de Gerard Lopez nach ëmmer ee vun den Direkteren ass, war et des Saison nach net esou gelaf, wei erhofft:

Extrait Gerard Lopez

De Gerard Lopez ass en Dënschdeg eréischt aus Abu Dhabi erëm komm, wou de Renault-Pilot Nico Hülkenberg als 6. an der Course iwwert d'Arrivée gefuer ass. Am WM-Klassement gouf den Däitschen den 10 mat 43 Punkten.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.