Formel 1Bottas séchert sech no Feeler vum Hamilton d'Pole Position

Dëse Weekend ass d'Formel 1 a Russland op Besuch. E Samschdeg war um Sotschi Autodrom de Qualifying vum grousse Präis vu Russland.

© AFP (Archivbild)
Den aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton ass als grousse Favorit an de Qualifying gaangen. Um Enn huet de Brit sech op sengem Mercedes awer misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn, dat wéinst engem Feeler kuerz viru Schluss. De Valtteri Bottas um zweete Mercedes huet dës Chance genotzt an ass déi séiersten Zäit gefuer a start domadder e Sonndeg vun der Pole Position.

Aus der zweeter Rei fueren déi zwee Ferrari-Piloten Sebastian Vettel a Kimi Räikkönen fort.

De Max Verstappen an den Daniel Ricciardo sinn am Q3 net méi gefuer, well si de Motor an och Pneue wollte schounen. Si starten domadder vun de Plazen 11 an 12.




De Start vum Grousse Präis vu Russland ass e Sonndeg de Mëtteg um 13.10 Auer eiser Zäit. Zejoert hat de Valtteri Bottas gewonnen.

An der WM-Wäertung läit den Ament den Titelverdeedeger Hamilton souverän a Féierung. Hien huet e Virsprong vu 40 Punkten op de Sebastian Vettel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.