Formel 1Lewis Hamilton gewënnt zu Sotchi

Beim Grousse Präis vu Russland behaapt sech de Lewis Hamilton virum Valteri Bottas a Sebastian Vettel.

Um Sonndeg waren d'Fuerer um Sotchi Autodrom beim Grousse Präis vu Russland gefuerdert. Dobäi konnt de Lewis Hamilton seng 8. Victoire vun der Saison feieren.

E gudde Start huet virun allem de Max Verstappen erwëscht, deen op der 19. Plaz gestart ass a sech schonn no 9 Ronne bis op déi 5. Plaz no vir kämpfe konnt. Un der Spëtzt huet sech beim Start näischt geännert, de Valtteri Bottas konnt d'Pole verdeedegen, hannendrun dann de Lewis Hamilton an de Sebastian Vettel.

De Max Verstappen ass zum Driver of The Day gewielt ginn


Awer och den Daniel Ricciardo vu Red Bull konnt sech trotz enger 18. Plaz beim Depart séier an d'Spëtzegrupp zréckkämpfen.

An der 15. Ronn ass et dem Sebastian Vettel da gelongen de Lewis Hamilton ze iwwerhuelen, nodeems den aktuelle Weltmeeschter vu Mercedes an d'Box gefuer ass an net zur Zäit erauskomm ass. Ma dat sollt net laang unhalen, eng Ronn duerno konnt sech den Hamilton d'Plaz erëm zréckhuelen.

Nodeems de Sebastian Vettel Ronn fir Ronn Zäit gutt gemaach huet, huet de Valtteri Bottas Plaz fir säin Teamkolleg misse maachen, fir net a Gefor ze lafen, iwwerholl ze ginn. De Max Verstappen war e groussen Deel vun der Course op der éischter Plaz, dat awer well den Hollänner eréischt an der 43. Ronn an d'Box gefuer ass.

Bis zum Schluss huet sech am Spëtzegrupp awer näischt méi geännert a sou vergréissert de Lewis Hamilton säi Virsprong am Generalklassement op 50 Punkten op de Sebastian Vettel.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.