Grousse Präis vu JapanPole fir Hamilton, Vettel däitlech zeréck

De Formel-1-Weltmeeschter a Leader am WM-Klassement Lewis Hamilton start e Sonndeg zu Suzuka mat sengem Mercedes vun der éischter Plaz.

Qualifying vum Grousse Präis vu Japan (06.10.2018)
De Lewis Hamilton huet sech d'Pole geséchert. De Sebastian Vettel fiert nëmme vun der 8. Plaz fort.
Nieft him fiert säin Teamkolleg Valtteri Bottas fort.

De WM-Zweete Sebastian Vettel ass en Affer gi vun der falsche Pneue-Strategie vu Ferrari a koum just op déi 9. Plaz. Hien ass nom Qualifying awer nach eng Plaz no vir geréckelt a start um Sonndeg als 8..

Géint Enn vum Qualifying huet et zu Suzuka gereent.

Den Hamilton huet virun der 17. vun 21 Courssen eng Avance vu 50 Punkten op de Vettel. Vun de leschte 6 Grand-prixe konnt den Hamilton der 5 wannen. D'Pole um Sonndeg ass déi 80. a senger Carrière an déi 8. an dëser Saison.

De Start ass e Sonndeg de Moien um 7.10 Auer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.