Formel 1Hamilton souverän zu Suzuka, Vettel just 6.

Mat der Victoire vum Grousse Präis vu Japan baut de Brit säi Virsprong am WM-Klassement op den Däitschen op 67 Punkten aus.

Hamilton souverän zu Suzuka, Vettel just 6. (07.10.2018)
Mat der Victoire vum Grousse Präis vu Japan baut de Brit säi Virsprong am WM-Klassement op den Däitschen op 67 Punkten aus.
4 Coursse bleiwen ze fueren: Wann de Lewis Hamilton och de Grand-Prix vun den USA gewënnt an de Sebastian Vettel net Zweete gëtt, dann dierf de Brit ewell fréizäiteg säi 5. Weltmeeschtertitel feieren. Den US-GP gëtt an zwou Wochen zu Austin am Texas gefuer.

A Japan ass dëse Weekend fir Mercedes a fir den Hamilton alles no Plang verlaf. Ugefaange mat de Plazen 1 an 2 am Qualifying, esou datt de Weltmeeschter a WM-Leader Hamilton vun der Pole aus starte konnt a säin Teamkolleg Valtteri Bottas ass nieft him fortgefuer. De Sebastian Vettel war just 8. an der Qualifikatioun, dat well Ferrari e schlechte Choix bei de Pneue getraff hat ...

De Grousse Präis vu Japan gouf e Sonndeg de Moien um 7.10 Auer eiser Zäit gestart.

An e ganz gudde Start hat do de Sebastian Vettel erwëscht, dee sech direkt 4 Plazen no vir katapultéiere konnt. Ma dunn ass hien dem Verstappen an d'Säit gefuer gefuer, wat seng Chancë futtigemaach huet. An enger Kéier wollt de Vettel banne laanscht de Verstappen, ma deen huet seng Linn verdeedegt, et koum zur Beréierung an de Vettel huet sech gedréint ... Um Enn muss hie sech mat der 6. Plaz zefridde ginn. Wie méi schold un der Kollisioun hat, do ginn d'Meenungen natierlech auserneen. E frustréierten an enttäuschte Vettel huet direkt no der Course kee Feeler bei sech gesinn, well d'Lach wier op gewiescht, ma dunn hätt de Verstappen him keng Plaz gelooss.

D'Victoire goung souverän un de Lewis Hamilton, Plaz 2 war fir säin Teamkolleg Valtteri Bottas, Plaz 3 fir de Max Verstappen am Red Bull, dat trotz enger 5-Sekonne-Strof, well en no engem Ausfluch op eng "net sécher Aart a Weis" hannescht op d'Streck gefuer ass ... an dobäi de Kimi Räikkönen gerippt huet.

De Sebastian Vettel a sengem Ferrari


Am WM-Klassement bleift de Lewis Hamilton kloer vir mat 331 Punkten. Op Plaz 2 de Sebastian Vettel mat elo ganzer 67 Punkte manner. 4 Coursse bleiwen ze fueren: USA, Mexiko, Brasilien an Abu Dhabi ... et gesäit also gutt aus fir den Hamilton a fir Mercedes, am Texas kann d'Entscheedung scho falen.

D'Victoire zu Suzuka war déi 71. an der Carrière vum Brit, et war seng 50. fir Mercedes, seng 9. an der Saison a seng 5. a Japan.



De komplette Ranking vum Grousse Präis vu Japan
1. L. Hamilton, Mercedes
2. V. Bottas, Mercedes
3. M. Verstappen, Red Bull
4. D. Ricciardo, Red Bull
5. K. Räikkönen, Ferrari
6. S. Vettel, Ferrari
7. S. Perez, Racing Point
8. R. Grosjean, Haas
9. E. Ocon, Racing Point
10. C. Sainz Jr., Renault
11. P. Gasly, Toro Rosso
12. M. Ericsson, Sauber
13. B. Hartley, Toro Rosso
14. F. Alonso, McLaren
15. S. Vandoorne, McLaren
16. S. Sirotkin, Williams
17. L. Stroll, Williams
18. C. Leclerc, Sauber - DNF (did not finish)
19. N. Hulkenberg, Renault - DNF
20. K. Magnussen, Haas - DNF

De Lewis Hamilton


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.