FOTOEN - Soirée du Sport AutomobileGrouss Gala fir d'Laureate vum Automobilsport

De Kevin Peters gouf um Samschdeg am Kader vun der "Soirée du Sport Automobile" am Casino 2000 zu Munneref als Autosportler vum Joer 2018 gekréint.

De Kevin Peters um Mikro vum Franky Hippert



Kevin Peters heescht den neie Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer 2018. De Vizeeuropameeschter am Autocross huet sech zu Munneref um Gala vum ACLSport virun der Ekipp, déi bei der Coupe d’Europe an der Biergcourse zu Gubbio gewonnen hat, duerchgesat. Drëtte gouf den Titelverdeedeger Dylan Perreira, deen am Porsche Super Cup ënnerwee ass.

Grouss Gala fir d'Laureate vum Automobilsport (20.01.2019)
De Kevin Peters gouf um Samschdeg am Kader vun der "Soirée du Sport Automobile" am Casino 2000 zu Munneref als Autosportler vum Joer 2018 gekréint.

De Vott gouf gemaach vun de Membere vun der Lëtzebuerger Automobilsport-Journalistevereenegung LMWA, de Membere vum Directoire vum ACL Sport a via online-Voting um Internetsite www.aclsport.lu/as2018. Ofstëmme konnt ee bis den 13. Januar inclus um Site vum ACL.



Den Dylan Pereira um Mikro vum Franky Hippert



Zanter dem 20. Dezember waren d'Nimm bekannt vun de méiglechen "Autosportler vum Joer 2018". Nominéiert waren:

PDF: Nominatiounen an all d'Resultater vun de Piloten/Equipagen

Equipage MUNHOWEN Yann / LANNERS Steve

- Lëtzebuerger Champion bei de Rallyepiloten 2018 (Yann Munhowen)
- Lëtzebuerger Champion bei de Copiloten 2018 (Steve Lanners)

Nationalequipe "Team Luxembourg" - Biergcourse Masters vun der FIA

(DEMUTH Guy, DONKELS Daniel, MARCHIONE Canio, VALENTINY Charles)

- Gewënner vun der Coupe des Nations am Kader vun de FIA Biergcourse Masters zu Gubbio

© Henri Schwirtz


FERNANDES Steve

- Vizechampion vun de Rallye-Piloten 2018

LINSTER Gil

- 5. Plaz am Schlussklassement "Elite 2" vun der Nascar Whelen Euro Series 2018



MARCHIONE Canio

- Lëtzebuerger Champion an de Biergcoursen 2018 (Catégorie 1)
- 12. Plaz am Schlussklassement vun der Coupe Internationale vun de Biergcoursë vun der FIA 2018 (Catégorie
3)
- 14. Plaz am Schlussklassement vun der Kategorie 3 bei de Biergcourse Masters vun der FIA

MUNSTER Grégoire
- Gewënner vum Belsche Junior Rallye Championnat

- 7. Plaz am Schlussklassement vum Belsche Rallyechampionnat 2018 bei de Piloten
- 3. Plaz am Schlussklassement vum Lëtzebuerger Rallyechampionnat 2018 bei de Piloten
- 2. Plaz am Schlussklassement vum däischten ADAC Opel Rallye Cup 2018

© Bastien Roux

PEREIRA Dylan

- Member vum Elitekader vum COSL
- 7. Plaz am Schlussklassement vum Porsche Mobil 1 Supercup 2018
- Gewënner vun der Rookie-Wäertung am Porsche Carrera Cup Däitschland 2018
- 4. Plaz am Schlussklassement vum Porsche Carrera Cup Däitschland 2018
- 11. Plaz am Schlussklassement vum Porsche GT3 Cup Challenge Middle East 2017/2018

© ATP

PETERS Kevin

- Vizechampion an der Autocross Europameeschterschaft vun der FIA 2018 (Kategorie Buggy 1600)


Gewënner vun de Jore virdrun:

2017 PEREIRA Dylan
2016 FERNANDES Steve
2015 FRANCK Christian
2014 BRUCKNER Gilles
2013 HAUSER David

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.