Grouss FotogalerieAbbring am Pech, Cherain wënnt Spa Rallye 2017

16 Etappe waren ze bestreiden, 4 um Freideg an 12 um Samschdeg. Fir eis waren d'Ketty an de Rom Hankes um Samschdeg op der Plaz.

Klore Leader um Samschdeg de Moie war de Kevin Abbring mat engem Virsprong vun 32,1 Sekonnen op de Kris Princen an 1:08 Minutt op den iwwerraschenden Drëtten, de Lim um Hyundai i20. Bis dohi war de Cherain nëmme Véierten. Ma d'Blat sollt sech dréinen ...

Den Abbring sollt sech e Platte fueren, ma och d'Fiederbeen hat gelidden - dat war dunn den Abandon samschdes mëttes fir hien. De Lim um Hyundai hat et net mol esou laang gepackt, dee war am spéide Moie schonn net méi dobäi. De Kris Princen huet ausgesi wéi de séchere Gewënner, ma leider hat en Iwwerschlag an der 16. Etapp hien gezwongen opzehalen.

De Cherain huet d'Nerven an deem Krimi behalen an ass mat engem Strahlen am Gesicht iwwer d'Zil gefuer.

Vill Leit haten de Wee op Spa fonnt an et waren och vill Lëtzebuerger ënnerwee, déi spektakuläre Motorsport gesinn hunn.

1. Cherain / Dermelle um DS3 R5
2. Allart / Fernandez um Skoda Fabia R5
3. Verschueren / Hostens um Skoda Fabia R5

Den 1. Laf vun der Lëtzebuerger Meeschterschaft ass den nächste Weekend d'Rallye des Ardennes (dee Weekend gëtt och d'Auer geréckelt).

FOTOGALERIE: An hei Andréck vum "Slalom" zu Colmar-Bierg um Sonndeg.

© Ketty a Rom Hankes


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.