Formel 1Vettel séchert sech d'Pole virum Räikkönen

An der Formel 1 gëtt de Weekend de Grousse Präis vu China zu Shanghai gefuer, et ass déi drëtt Course vun der Saison.

© AFP (Archiv)
Am Qualifying war de Sebastian Vettel mat sengem Ferrari de Séiersten. Fir den Däitschen ass et bis elo eng optimal Saison. Déi zwou éischt Courssen huet de Vettel gewonnen.

Nieft dem Sebastian Vettel steet deen zweete Ferrari-Pilot Kimi Räikkönen. Aus der zweeter Rei starten déi zwee Mercedes-Piloten Valtteri Bottas an de Lewis Hamilton. Do hannen dru ginn de Max Verstappen an den Daniel Ricciardo allebéid op RedBull an d'Course.




De Grousse Präis vu China gëtt e Sonndeg de Moien um 8.10 Auer eiser Zäit gestart.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.