PRIME Racing1. Course mam neie Ginetta LMP3 bréngt direkt eng Victoire

PRIME Racing huet am Kader vun der VdeV 3-Stonne Course zu Dijon eng éischte Kéier de Ginetta LMP3 ënner Rennbedingunge agesat an direkt d'Klass gewonnen.

© Michaël Dautremont
Am VdeV-Championnat fuere GT Autoen (GT2 a GT3) grad sou wéi Prototypen/Silhouetten an zwou Kategorië géinteneen.

Fir PRIME Racing si bei dëser Course de Jean-Pierre Lequeux an de Jérôme Naveaux un den Depart gaangen. Professionell Verstäerkung krute si vum Ginetta/Nissan/Nismo-Wierkspilot Charlie Robertson.

Am fräien Training freides goufen nach e puer technesch Problemer geléist, dat virun allem un der Servo-Steierung, an et goung drëm den optimale Setup fir den LMP3 ze fannen.

E Samschdeg du krut d'Team nach eng Liwwerung vu Ginetta.... en aneren Aerodynamik-Package fir den hënneschten Deel vum Auto. Deen huet sech direkt als vill méi performant eraus gestallt an de Qualifying konnt attackéiert ginn.

Do ass et dunn och gutt gelaf, an et konnt een d'Pole-Position bei de Prototypen sécheren, an eng exzellent 3. Plaz am General.

© Michaël Dautremont

Fir d'Course gouf decidéiert, dass de Charlie Robertson den Depart soll fueren, well hien einfach déi meeschten Erfahrung huet. Hie konnt sech och direkt un d'Spëtzt vum Feld setzen, bis eng Safety-Car Phase säi Virsprong nees neutraliséiert huet. 20 Minutte laang war d'Course ënnerbrach, nodeems 2 Autoe sech ze pake kruten an eng ganz Partie Ueleg op der Streck verdeelt haten.

Beim Restart konnt den Charlie Robertson awer nees direkt e klenge Virsprong op den Zweeten eraus fueren, éier en huet mussen an d'Box fueren, fir e Platte wiesselen ze loossen. En ass awer séier nees eraus gefuer, a konnt säi Stint op en Enn fueren.

Als zweeten ass duerno de Jean-Pierre Lequeux an den Ginetta LMP3 geklommen, éier de Jérôme Naveaux de leschte Stint gefuer ass.

Um Enn konnt ee sech iwwert eng Victoire an der Klass LMP3/Prototypen/Silhouetten freeën, an dat beim 1. Asaz vum Auto. Et bleift nach ervirzehiewen, dass den Charlie Robertson um Ginetta LMP3 déi séierst Ronn an der Course gefuer ass, woumat net nëmmen d'Fiabilitéit, ma och d'Kompetitivitéit vum Auto ënnerstrach gouf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.