AutomobilsportDen David Hauser fiert dës Saison keng Biergcourse méi

Déi leschte Joren huet den David Hauser am Automobilsport d'Biergcoursë bei eis am Land an um internationale Parquet dominéiert.

Wiessel beim David Hauser / Reportage David Hauser



Dës Saison fiert hien awer keng Biergcoursë méi.

Déi Annonce koum schonns e bëssen iwwerraschend. Den David Hauser wiesselt nämlech op de Circuit. Do wou säi Brudder Gary déi leschte Joren aktiv war. An dofir gëtt et een Haaptgrond. An dat ass deen, datt et méi praktesch ass, wann déi zwee kënnen op engem Auto fueren. Dat erméiglecht et dem Gary och nees méi dacks am Auto kënne Plaz ze huelen. 

An dëser Saison deelen sech d'Bridder Hauser elo een Auto bei Endurance-Coursen. Dat ass eng ganz nei Komponent déi do dobäi kënnt. Bis ewell ware si éischter gewinnt Sprint-Coursen um Circuit ze fueren. Et gëllt elo sech als Team dorunner ze gewinnen.     

Fir den David an och de Gary Hauser sinn Endurance-Coursen eppes Neits. Dofir ass et fir den David Hauser och schwéier ee Pronostic ze maachen. Den David Hauser ass awer ganz gespaant an och héich motivéiert.  An de nächste Wochen ass et fir déi Zwee elo wichteg sech un de Programm ze gewinnen. Si kucke ganz positiv op déi éischt Coursen an hunn dat fest Zil sech ze weisen, sou den David Hauser.   

D'Coursen, déi d'Bridder Hauser dëst Joer fueren, sinn alleguerten an Holland respektiv an der Belsch. Déi éischt ass Mëtt Mee zu Zandvoort.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.