VIDEO: Stock-CarPorte Ouverte vun der Stock-Car-Federatioun zu Déifferdeng

De Racing Action Foussbann, een Déifferdenger Club, ass an den 60er Joren als éischte Champion an d’Stock-Car Geschicht agaangen.

Porte Ouverte vum Stock-Car (20.05.2017)
Vir de Stock-Car zu Lëtzebuerg nach besser ze promouvéieren, hat d’Stock-Car Federatioun vir déi éischten Keier op eng Journée Porte Ouverte invitéiert.

Bewonneren konnt een eng 15 Ween an sech mat de Responsabelen vun deene 7 Veräiner ënnerhalen. Mat den Steel Panthers an de Crazy Dogs Clierf, waren dann och 2 nei Klibb präsent, déi eréischt virun kuerzem vun der Federatioun opgeholl goufen.

Als Undenken un de Veräin organiséiert d'Federatioun knapp 50 Joer méi spéit eng Journée Porte Ouverte. 7 Veräiner ginn et aktuell. Mat den Steel Panthers an de Crazy Dogs Clierf sinn dëst Joer zwee neier derbäi komm.

Nieft engem Infostand konnt een op der Porte Ouverte awer och eng 15 Ween vun deenen eenzelnen Klibb bewonneren. Esou och dëst Gefier, mat deem den Titelverdeedeger „Tornado Hamm“ an d’Meeschterschaft wäerte starten. Dëse Wonn wäert dann och an der Klass 1 agesat ginn, eng vun deenen 4 Rennklasss.

Eng Reportage vum Frank Elsen



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.