VIDEO: Ferrari and Friends Lëtzebuerg Vill Renn-Maschinnen um Circuit vu Colmer-Bierg

Fir déi 4. Kéier hu sech Ferrari and Friends Lëtzebuerg fir dësen Evenement fir de gudden Zweck (den Télévie) getraff.

Ferrari and Friends Lëtzebuerg (08.07.2018)
Vill Renn-Maschinne waren um Circuit vu Colmer-Bierg bei der 4. Kéier vu Ferrari and Friends Lëtzebuerg mat dobäi.
Bei perfektem Wieder konnten d'Autosfrënn sech um Circuit vu Colmer-Bierg vill Renn-Maschinnen ukucken. Ma net just Autoe vun der italienescher Mark Ferrari waren um Treffe mat dobäi, och aner bekannte Marke waren um Rendez-vous. Privatleit hunn d’Autoen aus hirer Sammlung zu Verfügung gestallt an et konnt een ënner anerem an engem Ferrari F430 mat 490 PS oder engem Lamborghini Huracan mat 690 PS matfueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.