Rallye-ChampionnatYann Munhowen a Steve Lanners verdeedege Championstitel

Am Lëtzebuerger Rallye-Championnat ass um Rallye du Condroz d'Entscheedung ëm de Championstitel gefall, dat zu Gonschte vum Yann Munhowen.

Virum leschte Rallye vum Championnat war d'Decisioun ëm den Titel bei de Copilote scho gefall. De Steve Lanners hat hei schonn den Titel an der Täsch a konnt soumat säin Titel vun 2017 verdeedegen.

De Steve Lanners war scho virum Condroz sécher Champion bei de Co-Piloten

Bei de Pilote war et awer vill méi spannend. Do waren direkt 3 Piloten nach an der Course ëm den Titel: De Steve Fernandes, de Yann Munhowen an de Grégoire Munster.
De Steve Ferandes hat 252,5 Punkte virum Rallye du Condroz, de Yann Munhowen hat der 248,6 an de Grégoire Munster der 196,7. Domat hat de Grégoire Munster just nach theoretesch Chancen, dofir awer ganz réeller, sollte Steve Fernandes a Yann Munhowen um Condroz ausfalen, an de Grégoire Munster en Top-Resultat maachen.

De Steve Fernandes ass um Condroz mat sengem belsche Co-Pilot Olivier Beck un den Depart gaangen, dat um Skoda Fabia R5.

© Ketty a Rom Hankes


De Yann Munhowen ass mam Steve Lanners um Mitsubishi Evo8 gestart an de Grégoire Munster mam belsche Copilot Louis Louka um Opel Adam R2.



De Grégoire Munster ass um Condroz net nëmmen op d'Lëtzebuerger Rallye-Championnat gefuer, ma och ëm den Titel vum belsche Junior-Championnat, wou hie virum Condroz de Leader war.



De Rallye du Condroz war och den Ofschloss vum belsche Rallye-Championnat, an obwuel hei de Kris Princen schonn als Champion feststoung, war nachemol d'Crème de la crème vun de belschen, a vun internationale Piloten um Depart. Sou war et den Organisateuren z.B. gelongen de Kris Meeke z'engagéieren, fir beim Condroz op engem Skoda Fabia R5 unzetrieden. De Kris Meeke ass 2018 e puer Rallyë fir Citroën an der Rallye-WM gefuer an huet rezent säi Wiessel bei Toyota offizialiséiert. 

Um Donneschdeg den Owend war de Kris Meeke beim Lëtzebuerger Johny Blom, fir seng nei Combinaison fir dëse Rallye entgéint ze huelen.


Nieft dem Kris Meeke war awer och de Fransous Stéphane Lefebvre op engem Citroën C3 R5 ugemellt... also e weideren Top-Pilot, deen ëm d'Victoire kämpfe wollt.



Et waren net manner wéi 24 Autoen aus der Kategorie R5 ugemellt! Dat war keng gutt Nouvelle fir de Steve Fernandes, well hien domatter a senger Klass eng immens grouss Konkurrenz hat. Dobäi muss ee wëssen, dass ee fir d'Lëtzebuerger Championnat net just Punkten am General vum Rallye kritt, ma och an der Klass an där ee fiert. Hei kréien awer just déi 11 éischt Punkten. De Yann Munhowen hat do däitlech manner staark Konkurrenz a senger Klass. Bei just 3,9 Punkten Ënnerscheed virum Rallye, sollt hei all eenzel Plaz am General an an der Klass um Enn wichteg ginn!

De ganze Weekend iwwer waren dausende Fans um Rallye du Condroz ënnerwee.


Um Samschdeg de Moien ass et kuerz no 9 Auer lassgaange mam Rallye... Souwuel beim Steve Fernandes, wéi och beim Yann Munhowen konnt ee feststellen, dass et wichteg war unzekommen. Kee wollt zevill Risiko agoen, an awer duerft een och net ze virsiichteg fueren, well all Plaz am General jo immens wichteg war. Bei ganz schwierege Wiederkonditioune konnte béid Equipagen awer ouni gréisser Feeler iwwer d'Ronne kommen. Allerdéngs goufen et u béiden Autoen och technesch Problemer. Beim Mitsubishi Evo8 huet e Rass an der Ofgasréckféierung op den Turbo fir Misär gesuergt. Dee konnt just mat enger thermescher Reparatur-Paste provisoresch am Grëff gehale ginn. Um Samschdeg den Owend huet dunn d'Kupplung Deels den Déngscht quittéiert an d'Pedal ass bis op de Buedem ofgesackt.




D'Kupplung huet och beim Steve Fernandes um Skoda Fabia R5 um Samschdeg den Owend fir Stress gesuergt. D'Service-Crew vum Steve huet et awer am 45-Minutte-Service owes fäerdeg bruecht, déi defekt Kupplung ze wiesselen... dat war eng Top-Leeschtung, déi et dem Steve Fernandes erméiglecht huet, um Sonndeg weider ëm den Titel ze kämpfen.




Beim Yann Munhowen sengem Evo8 war et net méiglech, d'Kupplung ze wiesselen... dat wier bei deem Auto a 45 Minutten net dra gewiescht. Et huet also geheescht um Sonndeg mat enger ugeschloener Kupplung nach 10 Speciallen ze fueren.

Dramateschen Accident
Den 3. Kontrahent an der Course ëm de Championstitel hat sech no der 8. Special fräiwëlleg aus dem Rallye zeréckgezunn. De Grégoire Munster war bis dohin däitleche Leader an der R2-Kategorie, mat iwwer 36 Sekonne Virsprong op de Gilles Pyck. Am General lounge si op Plaz 30.



Op der 6. Special war et awer zu engem dramateschen Accident komm... De belschen Duo Steve Matterne / Rik Vanlessen ass mam Skoda Fabia R5 vun der Strooss ofkomm an an e Potto gerannt. De Choc war sou hefteg, dass de Copilot Rik Vanlessen (52) nach op der Plaz u sengen uerge Blessuren ëm d'Liewe komm ass. Déi genee Ëmstänn um Accident ginn aktuell nach iwwerpréift. Et kéint awer sinn, dass eng gebrache Felge den Ausléiser vum Ongléck war.

De Pilot Steve Matterne koum och mat Blessuren an d'Spidol, konnt dëst awer mat 3 gebrachene Rëpper um Sonndeg de Moien nees verloossen.

De Choc bei den anere Equipagen souz no deem trageschen Accident natierlech déif, a verschidden Equipagen hu fräiwëlleg drop verzicht, de Rallye fäerdeg ze fueren. Dorënner och den Equipage Munster/Louka. De Steve Matterne an de Rik Vanlessen waren am selweschten Team wéi de Grégoire Munster. 



Der Famill an de Frënn vum Rik Vanlessen drécke mer op dëser Plaz eist häerzlecht Bäileed aus.


Spannend Viraussetzunge fir de Sonndeg
Nodeems e puer Equipagen sech aus der Course zeréckgezunn haten, stoungen de Steve Fernandes an den Olivier Beck an der Nuecht op e Sonndeg op Plaz 12 am General. De Yann Munhowen an de Steve Lanners sinn op Plaz 15 no vir geréckelt.



Um Sonndeg war de Steve Fernandes an engem enke Kampf mam Bertrand Grooten ëm Plaz 11. Nodeems de Grooten awer e Feier u Bord vu sengem Skoda Fabia R5 hat ass deen zeréckgefall an den Duo Fernandes/Beck loung op Plaz 11... mat Avance no hannen an net ville Méiglechkeeten nach méi wäit no vir ze kommen, ausser virun hinne géif nach eppes passéieren. Si sinn hiren Tempo viru gefuer fir hir Positioun ze verdeedegen.



Beim Yann Munhowen ass déi ganzen Zäiten de Problem mat der Kupplung am Kapp matgefuer. Dofir huet et fir hie geheescht, schounend mam Evo8 ëmzegoen. D'Ufueren um Depart war vill manner aggressiv wéi nach um Samschdeg an och wärend de Speciallen ass de Yann éi virsiichteg gefuer a souwuel Bedoret wéi och Grooten, allebéid op Skoda Fabia R5, konnten um Sonndeg laanscht de Yann zéien, sou dass hien op Plaz 16 loung.

Op der zweetläschter Special ass et nachemol enk gi fir de Steve Fernandes, nodeems hie sech e Platten zu Engis agefaangen hat. Am Klassement huet ee bis op Plaz 59 musse siche goen, fir hien erëmzefannen. Am General huet en awer just 1 Plaz verluer, woumat en elo op Plaz 12 gefouert gouf. Déi Plaz sollt hien och op der leschter Special verdeedegen an iwwert de Podium zu Huy retten. Och de Yann Munhowen an de Steve Lanners behalen hir 16. Plaz am General.

Punkte rechne war ugesot
De Steve Fernandes war mat 248,6 Punkten op Huy gefuer. Fir seng 12. Plaz am General kritt hien 32 Punkten. Well hien awer och a senger Klass just den 12. gëtt, kritt hien a senger Klass RC2 keng Punkten, nodeems just déi 11 bescht hei Punkte kréien.
Um leschte Rallye vun der Saison ginn d'Punkte mat dem Faktor 1,2 multiplizéiert. Domat kritt hien 38.4 Punkten a kënnt nom Condroz op en Total vun 290,9 Punkten.

De Yann Munhowen ass als 16. am General gewäert ginn. Dofir kritt hien 30 Punkten. A senger Klass ass hien awer den Éischten. Dofir kritt hien zousätzlech 14 Punkten a kënnt op 44. Déi ginn mat dem Faktor 1,2 multiplizéiert an e kënnt op 52,8 Punkten. An der Additioun kënnt hien domat op 301,4 Punkten... an domat kritt hien de Steve Fernandes um leschte Rallye vun der Saison nach vu Plaz 1 verdrängt, fir säi Championstitel ze verdeedegen.

© Andy Brücker


Drëtte bleift de Grégoire Munster mat 196,7 Punkten. Hie konnt seng 1. Plaz an der belsche Junior-Wäertung verdeedegen, nodeems säi gréisste Konkurrent sonndes um Condroz eng Sortie hat. Domat ass de jonke Lëtzebuerger Junior-Champion am belsche Rallye-Championnat ginn.

© Ketty a Rom Hankes (Archiv)


An der Copilotewäertung kënnt de Steve Lanners um Enn och op 301,4 Punkten. Déi 2. Plaz geet hei un den André Foxius mat 69.8 Punkten. En drëttet Copilot kënnt net an d'Wäertung, nodeems de Steve Kirfel, de Joé Mersch an de Joël Wunsch net genuch Resultater haten, fir gewäert kënnen ze ginn.

© ACLSport


Resultater vun den anere Lëtzebuerger Equipagen
Nieft de Protagoniste fir de Championstitel, waren awer och nach 3 aner Lëtzebuerger Equipagen um Depart um Rallye du Condroz.
Ugefaange mam Georges Goedert an Yves Freichel um Subaru Impreza WRX STi. Ausser dem Rallye Lëtzebuerg ware si keen anere Rallye am Kader vum Championnat gefuer. Si loungen nom Samschdeg op der 44. Plaz am General. An der Klass NCE lounge se deen Ament op Plaz 2, hannert dem Yann Munhowen.



De Sonndeg de Moie sollt awer kee gutt Enn fir de Georges Goedert hunn. Op engem Deelstéck mat extrem villen an héije Buedemwellen an der Strooss, huet et de Subaru ausgehiewelt, en ass op d'Wiss geroden an déi nächst Rietskéier krut de Georges net méi an en ass mam Subaru hanne lénks an den Hiwwel gerannt. En ass d'Special zwar nach fäerdeg gefuer ma duerno war Schluss a si hu mussen opginn.



Komme mer da bei Jacques Gregorius an de Fränz Diederich um Ford Fiesta R200. Si waren allebéid net an d'Lëtzebuerger Rallyechampionnat 2018 ageschriwwen a si just ausgewielte Rallyen dës Saison gefuer. Dorënner eben och de Condroz, deen zum Jacques Gregorius senge Favoritten zielt.

© Andy Brücker


Si konnten de Rallye ouni groussen Drock fueren an einfach just genéissen, ouni dobäi awer den Éiergäiz ze verléieren, sech mat der Konkurrenz ze moossen. Um Samschdeg den Owend leie Gregorius/Diederich op Plaz 47 am General, nëmme 14 Sekonnen hannert Goedert/Freichel. An der Klass NCM war et Plaz 5 vun 38 Equipagen. Sonndesmoies war de Jacques Gregorius net ganz zefridde mat sengem Pneue-Choix. Et war méi kal a méi naass op de Speciallen, wéi hie gemengt hat, an dofir ware seng Pneuen ze haart. Am nächste Service huet en dunn op méi soft Pneue gewiesselt an d'Zäite sinn nees besser ginn. Um Sonndeg ass et souwuel am General, wéi och an der Klass weider no vir gaange fir de Lëtzebuerger Duo, fir sech um Sonndeg den Owend iwwert eng exzellent 40. Plaz am General ze freeën, grad wéi iwwer Plaz 3 am NCM a Plaz 1 am M14. 



Fir de Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann um Ford Fiesta R2T hat de Rallye um Samschdeg de Moien alles anescht wéi optimal ugefaangen. Op dem kalen Asphalt war dem Fiesta an enger Lénkskéier de Gripp verluer gaangen, a si si mam R2T duerch e pickegen Drot a Perchepéil gerutscht an an engem Feld gelant. Si konnten zwar weiderfueren, ma d'Vertrauen an d'Pneue war fort... grad wéi eng Perte vu bal 40 Sekonnen op den Duo Gregorius/Diederich. Um Samschdeg den Owend loungen de Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann op Plaz 55, mat 45,8 Sekonne Réckstand op Gregorius/Diederich. Am RC4 war et Plaz 10 vu 17.



Um Sonndeg war de Bob Kellen awer ewéi ausgewiesselt an en huet zur grousser Ophueljuegd geblosen. Ganzer 11 Sekonnen huet et op der 11. Special guttgemaach an nachemol 6 op der 12. Special. No WP14 lounge Gregorius/Diederich a Kellen/Hoffmann am General direkt hannerteneen op de Plaze 46 a 47, dëst getrennt duerch 22,2 Sekonnen. De Jacques Gregorius huet dunn nachemol den Tempo ugezunn, a konnt seng Avance bis op de Podium zu Huy retten. Um Enn kommen de Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann op Plaz 42 am General, nëmme 17,3 Sekonnen hannert Gregorius/Diederich. Am RC4 komme si op Plaz 7 vun 21 Equipagen déi un den Depart gaange sinn.



© Andy Brücker


Schlussresultat

Gewonne gouf de Rallye vum Fransous Stéphane Lefebvre mat sengem belsche Copilote Xavier Portier um Citroën DC3 R5. Si hunn um Enn 14,2 Sekonne Virsprong op den Adrian Fernémont/Samuel Maillen um Skoda Fabia R5. Plaz 3 geet un de Cédric Cherain a Filip Cuvelier och op Skoda Fabia R5.

© Ketty a Rom Hankes


De Kris Meeke huet op der 5. Special säi Skoda Fabia R5 mussen ofstellen, dëst well de Motor de Geescht opginn hat. 



PDF: Condroz 2018 - Final Results

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.