Coupe RallyePatrick Gengler/Ken Krüger op Plaz 5 bei der Osterrallye

Zu Zerf war och dëst Joer nees den Optakt vun der Coupe-Rallye. Beschte Lëtzebuerger gi Gengler/Krüger op Plaz 5. Schaus/Wanderscheid packen et op Plaz 8.

De Rallye ronderëm Zerf war wéi et schéint optimal fir d'Pilote mat Autoe vum Typ: "Mitsubishi Evo". No 8 Speciallen stinn op den 7 éischte Plazen all Kéiers Equipagen mat sou engem Auto, wann och vu verschiddene Joergäng.

Ënnert deenen éischte fanne mer och de Patrick Gengler, dee bei dësem Rallye nees mam Ken Krüger gefuer ass. Si konnte sech um Enn iwwert Plaz 1 an der Klass E1d freeën, grad wéi iwwer Plaz 5 am General.



Als éischten Equipage déi net op engem Mitsubishi Evo mat Allrad ënnerwee war, fanne mer dann och e Lëtzebuerger Duo, dat a Persoun vum Andy Schaus a Patricia Wanderscheid. Den Andy Schaus war mat sengem séieren Opel Astra um Depart. Hien hat schonn dacks Pech bei dësem Rallye. Déi Kéier sollt et awer Grond ginn ze feieren, nodeems se an deem staarke Starterfeld déi 8. Plaz konnten erreechen, grad wéi Plaz 1 an der Klass E1b.

Net wäit hannendrun, méi genee op Plaz 11 kënnt dann de Georges Goedert mat sengem Co Kevin Hettinger um Subaru Impreza. Déi lescht Saison war de Georges och scho mat deem Auto an der Coupe Rallye ënnerwee, war awer ni wierklech konkurrenzfäeg. Et sollt sech eraus stellen, dass de Katalysator vum Impreza komplett zou war, wouduerch him just ronn d'Halschent vun der Leeschtung sollt zur Verfügung stoen. Nodeems dee Feeler elo behuewen ass, kann de Georges dat vollt Potential vum Subaru ausreizen, an dat konnt een och op der Streck gesinn. Mat ganz séiere Passagen geléngt him d'Victoire an der Klass RC2.



Eng Plaz hannendru kënnt da mam Kik Foxius e Copilot mat Lëtzebuerger Lizenz. Hie war wéi gewinnt an der Coupe-Rallye mam däitsche Pilot Patrick Fank um Citroën C2R2max am Asaz. Si hu mat hirer Startnummer 97 de Sprong op Plaz 12 am General gepackt. An der Klass H13 ass et déi 2. Plaz.



Op Plaz 16 geet et weider mat de gudde Plazéierunge vun de Lëtzebuerger Equipagen. Hei fanne mer den Eric Thill an de Georges Lucius um Subaru Impreza WRX STI. No den 62,9 WP-Kilometer hate si 27,2 Sekonne Réckstand op den Duo Goedert/Hettinger, déi um Eric Thill sengem alen Auto ënnerwee waren.

De Ralph Schroeder schéint dann och endlech déi technesch Problemer vu sengem Nissan 350Z an de Grëff kritt ze hunn. Hien huet zu Zerf wéi gewinnt op säi Copilot Yves Freichel vertraut, fir um Enn mat enger 30. Plaz am General ofzeschléissen. Den exoteschen Nissan ass mat senger opfälleger Soundkuliss gutt bei de Spectateuren ukomm. Si ginn an der Klass E1d déi Drëtt.



E ganz gudde Rallye ass den David Simon gefuer. U senger Säit am Peugeot 206 souz och nees d'Tammy Schmidt. Den Duo schéint sech wuel ze fillen am klenge Fransous. Si kommen op déi ganz gutt 33. Plaz am General an op Plaz 2 an der Klass E1b.



De fréiere Propriétaire vum 206 ass dann och an der reng Lëtzebuerger Wäertung den nächsten am Ranking. De Sam Weimerskirch ass vu Peugeot eriwwer op Citroën gewiesselt. Hie fiert elo mat engem Saxo VTS. Nieft him souz de Cedric Zoenen. Si kommen um Enn op Plaz 41 am General an op Plaz 1 an der Klass E1a.



Op Plaz 45 da kënnt de Claude Berchem, deen no senger Sortie beim Rallye Hëpperdang 2014 nees eng éischte Kéier mat sengem VW Golf2 um Depart vun engem Rallye stoung. Nieft engem neien Design ass och eng nei Copilotin mat am Auto, dat a Persoun vum Jenny Grasges. Déi zwee schéine gutt harmonéiert ze hunn. Si sinn Special fir Special méi séier ginn an kommen an hirer Klass E1b op déi 3. Plaz.

Den David Lucius hat säi gréngen Opel Kadett C mat op Zerf bruecht. D'Notte goufe gelies vum Jil Folscheid. Dass et dem David richteg Spaass gemaach huet den Hecktriebler iwwert d'Speciallen ze joen huet een nom Rallye op der Arrivée gesinn. No enge sëllechen techneschen Ausfäll war d'Freed op der Arrivée ze sinn ganz grouss, an och de Speed huet gestëmmt. Si komplettéieren d'Top 50 bei dësem Rallye, wou 127 Autoen um Depart waren.



De Pascal an d'Ivana Becker fanne mer dann op Plaz 54 am General. Si si jo vum klenge Peugeot 106 eriwwer op en Subaru Impreza WRX STI gewiesselt. Un deen neien Auto muss de Pascal sech nach bësse gewinnen, ma och beim him war et eng allgemeng Zefriddenheet op der Arrivée. All Kilometer mam Allradler gëtt genotzt fir méi Vertrauen an den Auto ze kréien. Si ginn an der Klass E1d déi Fënneft.

Nodeems den Aly Kridel an den Dan Hack bei de Legend Boucles de Bastogne eng éischte Kéier op engem Porsche gefuer sinn, hu se hei nees op de BMW 2002 zeréck gegraff. Deen Auto huet an de leschte Joren och dacks wéinst technesche Problemer d'Zil net gesinn. Hei war dat awer anescht. Ausser der Tut déi heiansdo während puer Minutten drop lass gebläert huet, ass den ale BMW gutt iwwert déi bal 63 Kilometer komm. Si kommen am General op déi 68. Plaz.



Ee Lëtzebuerger Equipage huet sech dann nach kënne klasséieren, wann och just op der leschter Plaz. Den Daniel Leyers an de Chris Stijnen fueren dëst Joer eng éischte Kéier zesummen, dëst um Daniel sengem Renault Clio 3 RS. Si waren och guer net sou schlecht ënnerwee, bis se op der 5. Special eng Sortie haten, op där se 10 Minutte verluer hunn. Domat war de Rallye eigentlech gelaf, ma si hunn nach opginn an sinn de Rallye nach zu Enn gefuer. Si kommen op Plaz 82.



Da ginn et awer leider och nach Equipagen, déi et net bis an de Parc Fermé zu Zerf gepackt hunn.

De Claude Floener an de Lionel Rasquin haten de Peugeot 206 GTI nach viru kuerzem op der Goodyear Teststreck op Häerz an Niere getest... zu Zerf konnte se awer just 1 Special fueren, du war et riwwer.

Beim Chris Koenig an dem Tom Engel war et ähnlech. Op der 2. Special huet e Cardan den Déngscht quittéiert an de Rallye war fréizäiteg eriwwer.



De Marc Ernster an de Christophe Colling sinn eng éischte Kéier an där Kombinatioun gefuer, dëst mam Marc als Pilot um Christophe sengem Auto. No 3 Specialle war awer leider Schluss. Problemer mat der Bensinspompel hu se um Routier op déi 4. Speciale dozou gezwonge fréizäiteg opzeginn.



Bal bis op d'Arrivée gepackt haten et den Yves Kremer an de Sandor Venneker um klenge Peugeot 106. Si waren immens gutt ënnerwee, bis hinnen op dem Routier op déi lescht Speciale d'Kupplungsseel gerass ass. Si konnten et zwar nach flécken, mä nodeems se dann 15min ze spéit gestempelt hätten, an nodeems se schonn duerch eng neutraliséiert Zäit op WP5 40 Sekonne verluer haten, hat et net méi vill Wäert de Rallye nach zu Enn ze fueren an ze riskéieren nach eppes futti ze maachen.

Alles an allem hate richteg vill Lëtzebuerger Equipagen de Wee op Zerf fonnt, wat hoffe léisst fir de Recht vun der Coupe-Rallye. Do annoncéiert sech e spannende Kampf ëm d'Punkten.

Gewonne gouf de Rallye iwwregens vum Frank Färber/Katharina Hampe (Evo8), virum Rainer Noller/Stefan Kopczyk (Evo9) an dem Jörg Broschart/Dennis Zenz (Evo).

Den nächste Rendez-Vous an der Coupe-Rallye ass iwwregens den 11. Juni bei der Rallye Saar-Ost.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.