RallyeNees e Rallye Lëtzebuerg, nach dëst Joer? Et gesäit gutt aus

Nodeems de Rallye Lëtzebuerg am Joer 2015 aus finanzielle Grënn net konnt realiséiert ginn, gëtt et Hoffnung, dass dëst Joer nees kéint gefuer ginn.

De Rallyesport huet ze Lëtzebuerg eng laang Traditioun. Et goufen awer ëmmer nees Réckschléi fir d'Organisateuren, wat et net méi einfach gemaach huet, e Rallye zu Lëtzebuerg op d'Been ze stellen.

Ee grousse Problem ass Joer fir Joer de Budget. Deen hat nämlech och dem Rallye Supporter Club Lëtzebuerg, ënnert der Regie vum President Georges Michels d'Genéck gebrach. Mat ganz vill Engagement hat hien den RSCL iwwerholl an och nieft dem Rallye Lëtzebuerg weider Rallyen op d'Been gestallt, dëst zu Housen, Hëpperdang a Lausdueren.

Fir 2015 huet den RSCL awer musse Forfait erklären. Ënnert dem Stréch stoung e fette Minus um Kont a schwéieren Häerzens huet d'Écurie decidéiert bis op Weideres kee Motorsport-Event méi z'organiséieren.

Zanter laangem war domat am Lëtzebuerger Rallye-Championnat kee Laf zu Lëtzebuerg gefuer ginn... och am Kalenner fir 2016 ass deem esou.

Trotzdem hu sech dëst Joer eng Partie Rallye-Frënn zesumme gedoen, fir dat fir déi kommend Joeren nees ze änneren. Op Initiative vun der Commission Sportive vum ACL, huet sech de Guy Rasquin breet schloe gelooss, sech Gedanken ze maachen, wéi een nees e Rallye op Lëtzebuerger Stroosse fuere kéint. En huet sech an der Scène ëmgelauschtert, et gouf e puer Informatiouns-Reuniounen a schlussendlech huet sech e Grupp vu 16 Leit zesummegedoen, fir dem Rallyesport zu Lëtzebuerg nees Liewen anzehauchen.

Et gouf eng nei Écurie gegrënnt mam Numm "Écurie Roude Léiw" (ERL), déi zanter e puer Méint aktiv um Projet "Rallye Lëtzebuerg 2016" schafft. Zesummegesat ass déi Écurie aus Leit, déi virdrun am RSCL aktiv waren, an domat vill Erfahrung matbréngen, aus Leit déi aktuell aktiv am Rallye-Sport ënnerwee sinn, an aus anere Fräiwëllegen, déi mat voller Motivatioun an dës Aventure eraklammen. De Guy Rasquin ass just a berodender Funktioun aktiv, nodeems hie sech geschwuer hat, ni méi eng offiziell Roll an enger Écurie ze iwwerhuelen.



Déi Responsabel aus der ERL sinn aktiv a Gespréicher mat de concernéierte Gemengen a Ministèren. Aktuell ass de Feedback bei de Gemengen duerchgehend positiv. Op Säite vun de Ministèrë sinn d'Demandë lancéiert an et hofft een natierlech och do op eng positiv Äntwert.

De Rallye ass de 7. an 8. Oktober geplangt, wouduerch net méi all ze vill Zäit bleift, fir um geplangte Parcours Ännerungen ze maachen. 

Vu Säite vun de Lëtzebuerger Rallye-Equipagen kënnt d'Initiative nees e Rallye zu Lëtzebuerg ze organiséiere ganz gutt un. Ma och am Ausland begréisst een d'Nouvelle, well d'Specialen zu Lëtzebuerg gëllen zanter jee hir als ganz usprochsvoll a schéin ze fueren. Piloten aus Däitschland an aus der Belsch hu schonn ugekënnegt, wëllen un den Depart ze goen.

Och aus der Politik komme scho positiv Echoen, sou z.B. vun der LSAP-Norden, déi d'Initiativ fir nees e Rallye z'organiséiere begréisst.

PDF: Pressecommuniqué vun der LSAP-Norden

De Rallye Lëtzebuerg 2016 wäert dëst Joer awer net an de Kalenner vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat opgeholl ginn an och net an d'Coupe Rallye. D'Commission Sportive wëll sou spéit an der aktiver Saison net nach sou e grousse Changement am Kalenner maachen. Wann d'Editioun 2016 awer gutt iwwert d'Bühn geet, schwätzt näischt dogéint de Rallye 2017 nees an den offizielle Kalenner opzehuelen.

Dëst Joer wäert de Rallye awer scho fir d'Euro Rallye Trophée zielen. De Rallye Lëtzebuerg ersetzt hei de Rallye de la Plaine (F). Domat huet ee schonn direkt e puer Piloten aus dem In- an Ausland sécher um Depart. Beim Veranstalter hofft een natierlech op een Engagement bei den eenheemeschen Equipagen och wann de Rallye net fir d'Championnat zielt.

Et däerf ee sech awer elo schonn op deen oder anere spektakulären Auto freeën. Sou huet z.b. de griichesche Pilot Jourdan Serderidis ugekënnegt, beim Rallye de Luxembourg mat engem Citroën DS3 WRC un den Depart wëllen ze goen.

Um Rallye du Condroz 2015 war de Jourdan Serderidis scho mat engem DS3 WRC am Asaz


Hien huet en enke Lien zu Lëtzebuerg, well en eng Firma hei huet. De Jourdan Serderidis konnt 2014 mat sengem Copilot Frederic Miclotte den Zweete ginn beim Rallye Lëtzebuerg a viséiert fir 2016 ganz kloer d'Victoire, déi Kéier awer mat engem anere Copilot. Wëssentlech, dass a sengem Team J-Motorsport och nach deen een oder anere Citroën DS3 R5 an der Garage steet, kann een drop hoffen, dass nach weider Top-Piloten mat engem vu sengen Autoen hei starten.



Gewonne gouf déi lescht Editioun vum Rallye Lëtzebuerg iwwregens vum Gilles Schammel a Kim Pfeiffer op engem Skoda Fabia S2000.



Plaz 3 hannert dem Jourdan Serderidis goung un de Belschen Duo Jonas Langenakens/Kenneth Delvaux um Mitsubishi Evo9.


FOTOGALERIE: E puer flott Impressioune vun der Editioun 2014


De Rallye huet Joer fir Joer international Top-Piloten ugezunn... sou sinn z.B. schonn den Thierry Neuville, de Kris Meeke, de Bruno Thiry, de Quentin Gilbert, de Mark Wallenwein, de Caren Burton, de Ruben Zeltner, den Urs Hunziker, asw iwwert d'Specialen am Grand-Duché gefuer an hunn d'Zuschauer begeeschtert.





Et däerf ee sech also elo schonn op grousse Rallye-Sport freeën...

Rendez-Vous fir de Rallye Lëtzebuerg 2016 ass de 7. an 8. Oktober 2016, mam Rallye-Zentrum zu Housen. Weider Informatiounen zum Event ginn et an den nächste Wochen um Internetsite www.rallye.lu an op hirer Facebooksäit.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.