Traureg Nouvelle aus dem AutomobilsportDen Néckel Koob ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen

De fréiere Rallye- a Circuitpilot Nicolas Koob ass an der Nuecht am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

De Néckel Koob ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen (22.10.2016)
wuel dee gréissten Lëtzebuerger Pilot
Hie war wuel de bekanntste Lëtzebuerger Automobilsportler vun allen Zäiten. Zu senge beschte Resultater, meeschtens mat engem Porsche, hu sécherlech seng 9. Plaz 1976 an 77 am Schlussklassement op der Rallye Monte Carlo, seng 6. Plaz 1967 bei de 24 Stonne vu Spa a seng 7. Positioun bei de 24 Stonne vu Le Mans gezielt.

Nieft senger aktiver Carrière, hat de Kueben-Néckel sengem Papp säin Busbetrib iwwerholl a war och Patron vun enger Disko.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.