Härebasket Play-DownZweete Victoire fir Walfer, de Basket Esch verléiert nees

E Freideg den Owend goufe schonn zwou Partie vum 2. Spilldag am Play-Down ausgedroen.

© AFP
D'Résidence Walfer konnt och déi zweete Partie am Play-Down fir sech entscheeden. Si gewanne mat 101:86 géint Kordall Steelers. Fir de Basket Esch gouf et dogéint déi zweeten Defaite. Si mussen sech no enger spannender Partie, an där d'Decisioun eréischt am leschte Véierel gefall ass, mat 84:89 géint d'Fiels geschloe ginn.
   
Um Samschdeg den Owend sinn dann déi aner zwou Partien am Play-Down tëscht Hiefenech an den Hedgehogs Bascharage an tëscht dem Racing an dem BC Mess.

Och am Titelgrupp gëtt de Weekend gespillt:

Amicale Steesel - Sparta Bartreng
T71 Diddeleng - AB Contern
Musel Pikes - Etzella Ettelbréck

Déi 3 Partië ginn e Samschdeg den Owend 20.30 Auer ugepaff.