BasketSteesel weider souverän, Diddeleng verléiert géing Konter

Um Samschdeg war den zweete Spilldag vum Playoff am nationalen Basketschampionnat. Steesel bleift un der Tabellespëtzt an d'Pikes wannen ouni Rugg.

Am Titelgrupp gouf et um zweete Spilldag Victoire fir d'Musel Pikes, Steesel a Konter. Am Play-Down konnte sech de Racing a Käerjeng behaapten. 

Musel Pikes - Etzella Ettelbréck 86:78

D'Musel Pikes hu missen op ee vun hiren Amerikaner verzichten. De Clancy Rugg hat sech um éischte Spilldag vum Playoff bei der Sparta um Fouss blesséiert. Ma an der Ufanksphas hunn d'Pikes eng 16:6 Avance realiséiert. D'Etzella konnt reagéieren, a sou ass et mat 49:45 an d'Paus gaangen. An der zweeter Halschent hunn déi Miseler dat weider gutt gemaach an d'Etzella konnt ni eng reell Gefor fir d'Pikes duerstellen. Pikes wannen mat 86:78 géint d'Etzella.

Amicale Steesel - Sparta Bartreng 97:81

Steesel war déi éischt 5 Minutten déi besser Equipe, ma no der 5. Minutt vum éischte Véierel hat d'Sparta e Laf a sou stoung et no 8 Minutten 19:16 aus der Siicht vun deene Steeseler. 25:20 stoung et no deem éischte Véierel. Mat 53:49 ass et an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel huet Steesel den Deckel drop gemaach an et ass mat 80:68 an de leschte Véierel gaangen. Um Enn wënnt den Tabelleleader mat 97:81.

© Shari Schenten


T71 Diddeleng - AB Contern 92:81

Richteg iwwerrascht war den T71 géint Konter. No 6 Minutte waren d'Gäscht vu Konter 17:4 vir. Diddeleng koum am zweete Véierel bäi, an an der Paus stoung et 50:54. No der Paus konnt een dat Bild gesinn, wat een och schonn am éischte Véierel konnt gesinn. Diddeleng war nieft der Spuer an d'Gäscht vu Konter hu ganz gutt getraff. Um Enn wënnt Konter 92:81.

Resultater, Spillplang an d'Tabell fannt Dir hei!

Am Play-Down konnt de Racing 62-48 géint de BC Mess gewannen.
Hiefenech huet a leschter Sekonn nach mat 69-70 géint Käerjeng verluer. E Freideg den Owend hat d'Fiels schonn de Basket Esch geklappt a Walfer hat sech géint d'Kordall Steelers duerchgesat.

Bei den Dammen huet Steesel am Titelgrupp mat 84:50 géint Esch gewonnen, d'Pikes wannen 84:72 géint d'Etzella a Walfer zitt mat 60:69 géint Konter de Kierzeren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.